Nei Struktur "Ecorauto" këmmert sech ëm de Recyclage

All Joers ginn 1.500 bis 2.000 Autoen, déi zu Lëtzebuerg immatrikuléiert sinn, verschrott.
Dat gëtt net hei am Land gemaach, mä an engem agreéierten Zenter an der Belsch, a Frankräich oder an Däitschland.
Geréiert ginn déi Autoe vun Ecorauto, enger neier Struktur, déi elo gegrënnt gouf. Dodra vertruede si verschidde Federatiounen aus dem Automobilsecteur. D'Fedamo, dat sinn d'Garagisten an d'Concessionnairen, d'Federatioun vun de Leasinggesellschaften, de Verband vun de Constructeuren an d'ASBL Ecobatterien.
Si wëllen eng proaktiv Äntwert ginn, ob en zukünftegt europäescht Reglement iwwert Gefierer, déi net méi am Gebrauch sinn an op potentiell Obligatiounen, mat deenen den Automobilsecteur an Zukunft kéint confrontéiert ginn. Zum Beispill, wann et ëm eng erweidert Responsabilitéit vun de Producteure geet, fir den Auto ze recycléieren.
Do si virun der Schrottpress nach aner Schrëtt néideg, wéi den Direkter vun Ecorauto, den Andy Maxant seet.
"Deen éischte Step ass d'Depollutioun. Den alen Ueleg gëtt erausgeholl, dee vum Motor, mä och dee vun de Bremsen, de Bensinn oder den Diesel, d'Pneuen an da gëtt dat Ganzt recycléiert."
Ecorauto kontrolléiert de Recyclage a kritt aus den agreéierten Zentren och all déi néideg Donnéeën, fir déi an engem Rapport un den Ëmweltministère virun ze ginn. Ënnert den Autoen, déi elo recycléiert ginn, sinn nach net vill Elektroautoen, seet den Andy Maxant. Bei deene Gefierer kënnt nach eng Etapp dobäi, Stéchwuert Batterie.
"Dat gëtt an aneren Anlage gemaach, déi spezialiséiert sinn op Lithium-Batterien, mä et gesäit een ëmmer méi den Trend, fir d'Batterie mol fir d'éischt ze reparéieren oder hinnen en zweet Liewen ze ginn. Dat heescht, déi Modullen, déi nach gutt sinn, gi viru verwäert zum Beispill fir Stroumspäicherbatterien ze bauen."
Egal ob den Auto mat Stroum, Diesel oder Bensinn gefuer ass, wann e verschrott gëtt, ass dat op d'mannst gratis, wéinst der Matière Première, also dem Metall, dat dono iwwereg bleift.