Wéinst Streike bei der SNCF an der SNCB kënnt et e Mëttwoch op de Linne mat Frankräich an der Belsch zu Perturbatiounen.

Wéi aus engem Schreiwes vun der SNCF ervirgeet, wäert op der Streck tëscht Diddenuewen/Metz an dem Grand-Duché tëscht 16 an 20 Auer e Mëttwoch 8 Zich vu Lëtzebuerg aus ausfalen.

Iwwerdeem wäert vu 14 Auer u keen Zuch méi op Lonkech fueren, respektiv vun do aus op Lëtzebuerg starten. D'Passagéier kënnen de Bus tëscht Rodange a Lonkech huelen, falls si eng valabel Regiozon-Kaart hunn.

Och an der Belsch wäert den Zuchverkéier vun en Dënschdeg den Owend 22 Auer bis en Donneschdeg wéinst engem Streik bei der SNCB (Société des chemins de fer belge) gestéiert ginn. Wéi eng Zich op der Streck Lëtzebuerg-Bréissel betraff wäerte sinn, fannt Dir um Site vun der SNCB.

All d'Perturbatiounen am Lëtzebuerger Zuchtrafic fannt Dir um Site vun den CFL.