Op der Pompel
Bensinn, Diesel a Masutt gi méi bëlleg

© AFP
Um Mëtternuecht falen d'Präisser op der Pompel.
Beim 95 Bensinn ass et en Donneschdeg eng Baisse vun 3,1 Cent de Liter. Dëse kascht dann nach 1,546 Euro de Liter. De Präis vum 98er geet ëm 2,1 Cent erof op 1,775 Euro de Liter.
Den Diesel gëtt 3,7 Cent méi bëlleg a kascht da vun en Donneschdeg un nach 1,577 Euro de Liter.
Beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) ass et eng Baisse vun 3,1 Cent de Liter op dann 1,038 Euro. De schwiefelaarme Masutt (50ppm) gëtt 4,8 Cent méi bëlleg a kascht dann nach 1,039 Euro de Liter.

© RTL-Grafik
Am meeschte gelies