An Däitschland huet d'Gewerkschaft Deutscher Lokomotivführer (GDL) zu neie Warnstreiken opgeruff, dat huet och Auswierkungen op Lëtzebuerg.

Wéi et vun den CFL heescht, wäert vun e Mëttwoch den Owend u 22 Auer bis en Donneschdeg den Owend 18 Auer keen Zuch méi déi däitsch-Lëtzebuerger Grenz passéieren.

De Streik huet deemno Repercussiounen op d'Linn 30 (Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier). Bei den CFL huet een Upassunge gemaach, wat d'Zich vun an a Richtung Waasserbëlleg ugeet. Nawell wäert et hei zu Ausfäll kommen. Weider Informatioune ginn et um Internetsite vun den CFL.