E Freideg gëtt op der franséischer Bunn gestreikt.

Wéi d'CFL an engem Schreiwes matdeelen, wäert dat och Repercussiounen op den Zuchtrafic tëscht Lëtzebuerg a Frankräich hunn, dat a béid Richtungen, Et misst mat Retarden an Ausfäll op der Streck Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz gerechent ginn.

Wéi ee vun der SNCF gewuer gi wier, wier den TGV, dee vun der Stater Gare aus fortfiert respektiv do ukënnt awer net vun de Perturbatioune betraff.

D'Cliente vun den CFL, déi e Freideg a Frankräich respektiv aus Frankräich op Lëtzebuerg reesen, si gebiede sech um Internetsite vun den CFL oder an der App iwwer hiren Trajet ze informéieren.