Wéinst engem technesche Problem um Stellwierk zu Ettelbréck sinn e Sonndegowend keng Zich op der Linn 10 tëscht der Stad a Miersch gefuer.

Fir d'Passagéier awer op hir Destinatiounen ze bréngen, haten d'CFL Ersatzbusser en place gesat. Dës hunn all d'Haltestellen tëscht der Stad a Miersch ugefuer.