Pensionär wollt bei den Dokter a lant a Kroatien
© Mathieu Thomasset / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
E franséische Rentner ass onfräiwëlleg op eng Odysee geroden, déi um Balkan hiert Enn fonnt huet. Dobäi wollt de Mann eigentlech just bei den Dokter.
E franséische Pensionär war mat sengem Auto bei den Dokter gefuer. Awer net do ukomm. De 85 Joer ale Mann hat sech verfuer. Nodeems en d'lescht Woch schonn als vermësst gemellt gi war, ass hien awer gesond a monter opfonnt ginn. A Kroatien.
Wéi sech erausgestallt huet, wollt de Mann aus senger klenger Gemeng Châtillon-sur-Thouet mam Auto op Airvault bei säin Dokter fueren. Ënnerwee hat de Rentner awer wuel d'Orientéierung verluer, a war amplaz vun den eigentleche 25 Kilometer um Enn ronn 1.500 Kilometer bis a Kroatien gefuer.
Ugangs war guer net opgefall, dass en net méi doheem war. Réischt wéi eng geplangte Renconter mat Kolleegen ustoung, gouf d'Police alarméiert. Och puer Noperen hate sech Suerge gemaach an de Pensionär als vermësst gemellt. Glécklecherweis war hien iwwert säin Handy erreechbar. D'Leit vum Sauvetage waren iwwerrascht wéi hie sot, hie wier an engem kroateschen Hotel.
Nodeems de 85 Joer ale Mann a Frankräich zréckbruecht gi war, konnt hie sech nach ëmmer net erkläre wéi dat passéiere konnt. Hien hätt bis elo nach ni kognitiv Problemer gehat oder d'Orientéierung verluer. Vläicht fiert en an Zukunft mat Hëllef vun engem Navi bei den Dokter.