Wéi vill Leit et sech schonn denke konnten, huet d'E.T.T.A. keng Sécherheetstester am Tunnel Stafelter gemaach, a keen huet mussen dofir doduerch fueren.

D'Leit, déi de Wee op de Parking an der Kleck tëscht Luerenzweiler a Lëntgen fonnt haten, waren awer net ganz fir näischt dohinner komm. Den ACL huet op der Plaz gratis en Check vun Ärem Auto duerchgefouert.

AUDIO: Reaktioun op den Abrëllsgeck vun RTL
Abrëllsgeck bei RTL an Eldoradio
Virun der Ouverture vum Stafelter Tunnel ginn Automobilisten fir en Test gebraucht an de Rock-A-Field verbitt Handyen. Dat waren d'Falschnoriichten um 1.Abrëll.

Hei eisen Abrëllsgeck

Tester am Tunnel Stafelter

E.T.T.A. préift Sécherheet a sicht Automobilisten


Fir d'Tester ginn eng 100 Autoe gebraucht, déi zäitgläich duerch den Tunnel fueren. Rendez-vous ass dësen Dënschdeg um 8h00 um Parking op der Kleck.

Wéi geplangt, nom Duerchbroch vum 22. Abrëll 2010, kann den Tunnel Stafelter an den nächste Wochen a Betrib geholl ginn.

D’Sécherheetsinstallatiounen am Tunnel si fäerdeg an och scho matten an der Testphas, e leschten impressionanten Test mat engem grousse Ventilator haten d’Pompjeeë jo de Weekend organiséiert.

Ier en awer fir de reguläre Verkéier opgeet, huet sech d’E.T.T.A., d’European Tunnel Testing Association, ugemellt, fir den Tunnel ënner reelle Bedingungen op Häerz an Nieren ze testen.

RTL

D'E.T.T.A. organiséiert all Joer eng ganz Rei Tunneltester a ganz Europa, déi normalerweis zesumme mat den nationalen Automobilsclibb gemaach ginn.

Grouss Simulatioun um Dënschdeg

Fir den europäeschen Test vun dësem Joer ass och de Stafelter zeréckbehalen ginn an den ACL huet, zesumme mat der E.T.T.A., d’Autorisatioun vum “Ministère du développement durable et des infrastructures” kritt, den 1850 Meter laangen Tunnel en Dënschdeg ënnert d’Lupp ze huelen.

Heifir ginn eng 100 Autoe gebraucht, déi zäitgläich duerch den Tunnel fueren. Dës solle sech en Dënschdeg de Moien um 8h00 um Parking op der Kleck tëscht Luerenzweiler a Lëntgen, net wäit vum Rondpoint Luerenzweiler, rassembléieren, fir duerno zesummen op de Chantier an duerch den Tunnel ze fueren. Jiddereen ass wëllkomm, et ginn nämlech esou vill verschidde Gefierer wéi méiglech gebraucht, fir d’Simulatioun fir d’Experten vun der "European Tunnel Testing Associatioun" esou reell wéi méiglech ze maachen.

RTL

D'Plaz zu Luerenzweiler.

AUDIO: De Reportage vum Yann Logelin (01/04/2014 - 7h20)