Schonn déi nächst Woch sollen d'Gemengen iwwer d'Pläng vun der Landesregierung informéiert ginn, fir an den Uertschaften Tempo 30 anzeféieren.

Rheiland-Pfalz kéint flächendeckend Tempo 30 an den Uertschaften aféieren, dat schreift de Volksfreund um Freideg.

Zu Tréier zum Beispill gëllt an de Wunnquartieren am Zentrum elo schonn eng Vitesselimitatioun op 30, ausser op den Haaptverkéiersachsen. Dat kéint sech awer lo änneren. An den nächsten Deeg sollen d'Gemengen informéiert ginn.

Däitschen Transportminister fuerdert bei Schoulen a Crèchen 30er Zonen

Den däitschen Transportminister Alexander Dobrindt wëll och op Haaptverkéiersachsen op verschiddene Plazen Tempo 30 aféieren, dat am Sënn vun engem bessere Schutz vun de Kanner am Stroossentraffik.

Do wou Schoulen oder Crèche sinn, kéinten dem Minister no dowéinst ouni weideres Tempo-30-Zonen agefouert ginn. Bis elo gëtt et déi just a Wunnquartieren.

D'Initiativ huet op alle Fall schonn d'Zoustëmmung vum Allgemengen Däitsche Vëlosclub. Dee geet souguer nach méi wäit a fuerdert eng Vitesselimitatioun op 30 als Regel- Ausnahmen sollt et, wann iwwerhaapt, just fir Haaptverkéiersachsen ginn. Kee géif sech an enger Stad wuel fillen, duerch déi Autoen a Camione rennen, seet de President vum ADFC Ulrich Syberg dem Magazin "Spiegel".