Den däitsche Bundesrat hätt d'Maut nach mat enger Ofstëmmung um Freideg kéinten an d'Längt zéien, elo kënnt se awer am Prinzip den 1. Januar 2016.

D'Maut ass decidéiert. Nom Bundestag huet e Freideg de Bundesrat den ëmstriddene Projet vun engem Vignettesystem op den däitschen Autobunnen, dee just auslännesch Chauffere bezuele mussen, ugeholl. Déi Däitsch gi jo via Steiere kompenséiert.

Eng ganz Rei däitsch Bundeslänner un de Grenzen, wéi Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz a Baden-Württemberg, gesinn de Projet ganz kritesch an hu sech bis zum Schluss dogéint gewiert.

D'Maut soll am Prinzip den 1. Januar 2016 u kommen.