Trotz der Kritik géif een déi Campagne nees genau esou maachen, sou de Paul Hammelmann.

"Trop vite, vite mort“. Déi aktuell Campagne vun der Sécurité routière schmaacht net jidderengem. Wéinst de schockanten Affichë laanscht d'Stroosse hätt een effektiv vill kritesche Feedback kritt, confirméieren och déi Responsabel vun der Asbl. Nawell géing een d'Campagne nach eemol genee d'selwecht maachen.

AUDIO: Ze séier, séier dout / Reportage Pit Everling

D'SécuritéRroutière weist zwar Versteesdemech, se kann awer mat de ville Kritike liewen. Jonk Mënscheliewe wëlle retten, dat wier nämlech den Zweck vun der Campagne, seet de Paul Hammelmann, President vun der sécurité routière.

Et kann een novollzéien, datt eng Mamm drop regéiert, wann hiert d'Kand op dat grausaamt Bild schockéiert reagéiert. Wann d'Elteren da mam Kand doriwwer solle schwätzen, gëtt d'Stroossesécherheet och automatesch an der Famill en Thema. Et wier ee sech awer bewosst, datt een net permanent Campagnë wéi dës kéint maachen.

Als Reaktioun op e ganz schrecklechen Accident virun engem Mount ongeféier zu Esch, ass een der Meenung, datt een och esou eppes mol misst kënne weisen, fir verschidde Leit zu Verstand ze bréngen.

D'Sécurité Routière huet den Dënschdeg de Moien d'Fuerderung rappeléiert, fir ähnlech, ewéi a Frankräich, d'“mise en danger de la vie d'autrui“ an d'Legislatioun ze kréien, fir e wierklech kriminellt Behuelen op der Strooss ze bestrofen, esou de Paul Hammelmann. Esou kéint een déi Leit präventiv, ouni, datt eppes geschitt ass, zu Rechenschaft zéien. A Frankräich kann een dofir 1 bis 6 Méint Prisong an eng Amende vu 500 bis 2.500 Euro Strof kréien. Weider kann och den Auto konfiskéiert ginn.

Mat Satisfaktioun stellt d'Sécurité Routière fest, datt de Justizministère an deem Kontext en Aarbechtsgrupp op d'Been gestallt huet.

Den Zoustand vu ville Poids Lourdsen da bereet Suergen, seet d'Asbl. Méi Kontrolle wieren onbedéngt néideg.

Och un den Infrastrukture sollte weider Adaptatioune gemaach ginn, fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren. Et wëll een net all d'Beem laanscht d'Strooss ofrappen, mä et brauch een eng Stroosseninfrastruktur, déi verzéie kann. Op geféierleche Plazen missten déi als geféierlech identifizéiert Beem ewech kommen. Op anere Plaze kéinte Leitplanken hikommen an op neien Stroossendeeler sollen Hecken amplaz vu Beem geplanzt ginn.

D'Radare géingen iwwregens ufänken, e positiven Effet ze hunn, mengt d'Sécurité Routière. D'Behuelen op der Strooss hätt sech verbessert, och wann d'Statistiken dat nach net onbedéngt géinge weisen.

De President vun der Sécurité Routière huet awer de Verdacht, datt an deem heite Kontext versicht gëtt, de Wëlle vum Legislateur z'ënnergruewen. Den Affekot Paul Hammelmann weist do Deeler vun der Justiz de béise Fanger

De Paul Hammelmann konnt schonn eng Kéier publique maachen, datt de Parquet en Deel vun de gravéierenden Infraktiounen net poursuivéiert an einfach klasséiert. Déi Professionell aus de Secteur wëssen, datt verschidde Riichter extrem lasch sinn, sou datt verschidde Confrèren Forum-Shopping maachen, sou datt si wëssen, bei wéi ee Riichter si musse goen, an ob deen de Permis gären fir den Trajet Professionel zeréck gëtt. A Frankräich ass dat net de Fall. Do kritt ee bei schwéiere Vergoen de Permis guer net méi, och net, fir op seng Aarbecht ze kommen.