Ginn d'Secouristen eventuell vu virwëtzege Leit doru gehënnert hirer Aarbecht efficace nozegoen? Dat war de Sujet vun enger Question Parlementaire.

Et ass e Phänomen den een bei Accidenter op der Strooss ëmmer nees observéiere kann - Automobilisten déi lues fueren oder carrément stoe bleiwe fir ze afen an domat net nëmmen den Traffik bremsen, mä och d'Secouriste bei hirer Aarbecht stéieren.

Ginn d'Secouristen hei zu Lëtzebuerg eventuell vu virwëtzege Leit doru gehënnert hirer Aarbecht efficace nozegoen? Hunn d'Acteuren um Terrain méi dacks mat sou Problemer ze dinn a misst een eventuell envisagéiere Leit déi afen ze bestrofen? Dat wollt  den DP-Deputéierte Gusty Graas an enger „Question Parlementaire“ gewuer gi.

AUDIO: Gaffer a Knippser / Reportage vum Annick Goerens

Natierlech kéint den Grand-Duché sech dem Phänomen net entzéien, mä bis ewell wär d'Efficacitéit vun den Interventiounen net wierklech duerch de Virwëtz affectéiert gewiescht, äntwerten den Inneminister Dan Kersch an de Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture François Bausch.

Mä et géing een awer feststellen, dass duerch déi Leit déi immens lues laanscht en Accident fueren oder stoebleiwe fir eng Foto ze maachen, regelméisseg weider Accidenter geschéien. Zum Beispill, dass een dem Aneren hannendrop knuppt. An domat geroden dann och d'Secouristen an Gefor.

Genee dofir envisagéiert d'Regierung fir d'Informatiounscampagne „Rettungsgasse – couloir de secours“ déi am Januar initiéiert gouf, nees ze relancéieren. D'Campagne géing d'Leit nämlech och dozou opruffen sech respektvoll an zivil vis-à-vis vu senge Matmënschen ze verhalen.

Gesetzlech Strofe ginn den Ament awer net envisagéiert. Wann d'Chauffeure mat hirem Verhale géint de Code de la Route verstoussen, da kéint d'Police Protokoller schreiwen. Donieft kënnen d'Affer vun Autosaccidenter, wann zum Beispill Photoe vum Accident op soziale Medien optauchen, rechtlech géint déi Responsabel virgoen.

D'Secouriste selwer hätten awer meeschtens genuch Moyene fir e gudden Oflaf vun hirer Interventioun ze garantéieren. Zum Beispill kéinte jo Sécherheets-Schiermer opgeriicht ginn, mat deenen onerwënschte Bléck zeréckgehal ginn.

VIDEO: Reportage: Ëmmer méi "Gaffer" a Knippser"
Gaffer a Knipser bei Accidenter sinn och op Lëtzebuerger Stroossen ëmmer méi e Problem.