D'Société Nationale de Certification et d'Homologation wiert sech géint Reprochen a seet, datt weder Fiat-, nach Renault- a Citroën-Autoe getest goufen.

Gëtt hei zu Lëtzebuerg Homologatiounstourismus bei Dieselautoe gemaach? Dee Reproche gouf e Méindeg op en Neits vun der ONG Transport and Environment gemaach. Déi hat eng nei Etude iwwer knaschteg Dieselautoe publik gemaach.

Den Direkter vun der Société Nationale de Certification et d'Homologation SNCH, de Claude Liesch, wiert sech géint dee Reproche.

AUDIO: Homologatioune vun Autoen: Rep. Nadine Gautier

Datt hei am Joer ronn 8.000 Homologatiounen gemaach ginn, eleng ronn 200 wat de System vun den Ofgasen ugeet, huet historesch Grënn, erkläert de Claude Liesch, Direkter vun der Société Nationale de Certification et d'Homologation: "Ee vun eise gréisste Service-techniquen ass en däitsche Service technique, den TÜV Rheinland, an dat ass weltwäit dee gréisste Service technique. An domadder hu mir eng grouss Part de marché an deem Ensembel."

Dat hätt historesch bedéngt och e bëssen eppes mat eise Sproochen ze dinn: "Lëtzebuerg huet däitsch geschwat, dofir hunn déi däitsch Konstrukteuren net mussen hir Rapport-techniquen op Englesch iwwersetzen."

Nëmmen ee vu 4 Dieselautoen, déi zanter 2011 enregistréiert goufen, hätt sech un d'Limitte vun de Stéckoxid-Emissioune gehal, reprochéiert d'ONG Transport and Environment. De Problem wieren d'Homologatiounen, déi gemaach ginn, ënnert anerem och hei am Grand-Duché. Et wier net genee genuch kontrolléiert an iwwerpréift ginn ...

Dat léisst de Claude Liesch net esou stoen: "Dat ass einfach Kabes. Mir maachen Homologatiounen no virgeschriwwene Prozeduren, wann déi Autoen déi Prozeduren erfëllen an d'Valeur-limitten erfëllen, esou wéi d'Prozedur dat virschreift, da kréie se eng Genehmegung."

Wat genee sinn dat fir Tester? Nach eemol de Claude Liesch: "Wat dat an der Praxis bedeit, dat sinn Tester, déi eréischt elo an Zukunft kommen. Entretemps huet d'Europäesch Kommissioun en neien Zyklus entwéckelt, d'RDE-Tester sinn dat, déi elo ab dësem Joer applikabel sinn, an do kann een erausfannen, wéi sech Autoen effektiv op der Strooss behuelen, dat war am Moment net Deel vun de Genehmegungen."

Fiat an Suzuki wieren déi Produzenten, déi déi knaschtegsten Dieselautoe vun der Euro-6-Norm op der Strooss hunn, schreift Transport and Environment. Goufen déi Autoen hei zu Lëtzebuerg homologéiert?

"Eng Gesamtgenehmegung besteet aus honnert Eenzelgenehmegungen. Den Ofgasberäich bei Porsche, weess ech, ass an Däitschland gemaach ginn, a bei Ford an England. Elo musse mer déi aner Autoen all duerchkucken, fir erauszefannen, wien dann elo zu Lëtzebuerg eventuell eng Ofgasgenehmgung gemaach huet a wien net. Vu Renault, Citroën a Fiat hu mer ganz sécher näischt."

Am Plaz ëmmer nees ze kucken, ob d'Dieseltechnologie ëmweltfrëndlech ass oder net, soll ee seng Energie éischter op d'Zukunft konzentréieren a kucken, wéi ee Problemer léise kann, esou nach den Claude Liesch.