Fir d'"Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team" huet de Kapitän Gilles Muller den Alex Knaff, Chris Rodesch, Raphael Calzi a Gilles Kremer nominéiert.

Lëtzebuerg spillt de 4. a 5 Februar zu Esch am nationalen Tennis Center an de Playoffs géint Südafrika, dat am World Group II.

© www.daviscup.com

Am Davis-Cup-Ranking steet Lëtzebuerg aktuell op Plaz 76, dat mat 151,38 Punkten. Südafrika steet hei op Plaz 52, mat 206,25 Punkten.

Den Alex Knaff ass aktuell op Plaz 613 am ATP-Ranking an domat de bescht-placéierte Spiller an der Lëtzebuerger Selektioun.

RTL