Am Norde vu Russland ass eng Bomm an engem Gebai vum Geheimdéngscht explodéiert. Eng Persoun ass gestuerwen an et goufen der 3 blesséiert.

D'Autoritéite schaffen drun, fir den Hannergrond opzeklären. Nach ass net gewosst, ëm wien et sech bei den Affer handelt an ob et sech ëm eng Suicideattack gehandelt huet, oder net.