Schluss mat schlechten Nouvellen - mir wëllen endlech nees positiv Saachen héieren.

Sidd Dir z.B. Eltere ginn? Oder hutt Dir eppes fonnt dat Dir schonn éiweg Sicht? Hutt Dir Iech verloobt? Ass Äre Fläiss op der Aarbecht belount ginn?

Schreift eis elo hei Är gutt Noriicht, well als Belounung invitéiert RTL ee Gewënner op e Weekend an déi wonnerschéi Gemeng Cliärref.

Reportage vun der 1. gudder Neiegkeet

23/04/2021 Déi gutt Nouvelle vun der Woch

Reportage vun der 2. gudder Neiegkeet

30/04/2021 Déi gutt Nouvelle vun der Woch

Wat gëtt et dës Kéier ze gewannen?

Gewannt de Freideg 7. Mee:

• zwou Nuechten am Hotel-Restaurant Reiff zu Fëschbech zu zwee mat Owesiessen,
• e Restaurantsbong am Restaurant Madeleine,
• Tickete fir d'Ausstellung Family of Man
• Ticketen fir eng Virféierung am Kulturhaus Cube 521
• e Schnuppercours um Cliärrwer Golf

Hotel Reiff

RTL

Den 3-Stären Hotel Reiff läit zu Fëschbech, engem klengen Duerf just 5 km vu Cliärref, dem bekannten Touristemagnéit am Norde vum Grand-Duché. Klassesch Gastronomie a regional Kiche ginn am hauseegene Restaurant kombinéiert. D'Panorama Terrass vum Restaurant bitt eng herrlech Vue op eng gréng Landschaft.

www.hotel-reiff.lu
Tél. : + 352 92 15 01
Mail : info@hotel-reiff.lu

Restaurant Madeleine

RTL

De Restaurant & Bistro Madeleine fannt Dir am A Block vun der Nordstrooss Shopping Mile Marnach. Hei erwaart Iech eng Mëschung vu lëtzebuergescher, italienescher a franséischer Kichen, déi klassesch Platen a méi ongewéinlech Spezialitéiten ofdeckt.

www.madeleine-restaurant.lu
Tél. : + 352 26 90 46 95
Mail : info@madeleine-restaurant.lu