Schluss mat schlechten Nouvellen - mir wëllen endlech nees positiv Saachen héieren.

Sidd Dir z.B. Eltere ginn? Oder hutt Dir eppes fonnt dat Dir schonn éiweg Sicht? Hutt Dir Iech verloobt? Ass Äre Fläiss op der Aarbecht belount ginn?  

Schreift eis elo hei Är gutt Noriicht, well als Belounung invitéiert RTL ee Gewënner op e Weekend an déi wonnerschéi Gemeng Cliärref.

Reportage vun der 1. gudder Neiegkeet

23/04/2021 Déi gutt Nouvelle vun der Woch

Reportage vun der 2. gudder Neiegkeet

30/04/2021 Déi gutt Nouvelle vun der Woch

Reportage vun der 3. gudder Neiegkeet

07/05/2021 Déi gutt Nouvelle vun der Woch - Jill

Reportage vun der 4. gudder Neiegkeet

14/05/2021 Déi gutt Nouvelle vun der Woch - Cathy

Reportage vun der 5. gudder Neiegkeet

21/05/2021 Déi gutt Nouvelle vun der Woch - Vera

Reportage vun der 6. gudder Neiegkeet

28/05/2021 Déi gutt Nouvelle - Romain

Reportage vun der 7. gudder Neiegkeet

04/06/2021 Déi gutt Nouvelle vun der Woch - Trixie

Reportage vun der 8. gudder Neiegkeet

Déi gutt Nouvelle vun der Woch - Arny

Wat gëtt et dës Kéier ze gewannen?

Gewannt de Freideg 18. Juni:

Maacht mat op RTL 92,5 a gewannt dëse Freideg 4. Juni:

• zwou Nuechten um Cornelyshaff zu Hengescht fir zwou Persoune mat zweemol Owesiessen
• e Restaurantsbong am Restaurant Madeleine zu Maarnech,
• Tickete fir d'Ausstellung Family of Man,
• Ticketen fir eng Virféierung am Kulturhaus Cube 521,
• e Schnuppercours um Cliärrwer Golf ,

Cornelyshaff

RTL

Matten am Häerz vun de Lëtzebuerger Ardennen, zu Hengescht, empfänkt Iech den Hotel Cornelyshaff, als alen ëmgebaute Bauerenhaff. Déi komfortabel Zëmmer mat Vue op d'Land an d’Proximitéit zu den Haaptstroossenaxen maachen de Cornelyshaff zu engem privilegiéierten Hotel fir Geschäftsreesen an den Norde vu Lëtzebuerg.

De Cornelyshaff ass och den ideale Startpunkt fir Vëlosfuerer a Wanderer, déi den Ourdall wëllen entdecken an déi vun der Bed and Bike-Offer wëlle profitéieren.

www.robbesscheier.lu
Tél. : + 352 92 17 45 -1
Mail : info@touristcenter.lu

Restaurant Madeleine

RTL

De Restaurant & Bistro Madeleine fannt Dir am A Block vun der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech. Hei erwaart Iech eng Mëschung vu lëtzebuergescher, italienescher a franséischer Kichen, déi klassesch Platen an ewer och méi ongewéinlech Spezialitéiten ofdeckt.

www.madeleine-restaurant.lu
Tél. : + 352 26 90 46 95
Mail :   info@madeleine-restaurant.lu