Premium-Finanzservicer, Verméigensverwaltung, personaliséiert Begleedung, breetgefächert Investissementer ... a wann d'Expertis vum Private Banking net nëmmen de grousse Verméige virbehale wier? De Vincent Villebesseix, Direkter vu BGL BNP Paribas Banque Privée, stellt eis d'Zougangsméiglechkeete vir.

Wat ass den Haaptënnerscheed tëschent Private Banking an enger klassescher Bank?

De gréissten Ënnerscheed läit an der Begleedung duerch ee Private-Banking-Beroder, dee vun engem onofhängegen Organismus zertifiéiert ass a vu villen internen Experten (Patrimoinesingenieuren, Portfoliomanager, Produitsspezialisten asw.) ënnerstëtzt gëtt.

Et gëtt eng perséinlech Relatioun an enger globaler Patrimoinesoptik opgebaut, déi dräi Aspekter kombinéiert: de finanziellen, de steierlechen an de juristeschen.


"D'Gamm vun de Servicer, déi ugebuede ginn, ass extreem breetgefächert an erméiglecht et, sämtlech Besoinen vum Client ofzedecken, sief et fir d'Finanzéierung, déi deeglech Bankservicer oder fir méi sophistiquéiert Placementer."

Vincent Villebesseix, Direkter vu BGL BNP Paribas Banque Privée


Riskéiert Placementer?

D'Banque Privée vu BGL BNP Paribas deckt souwuel déi deeglech Bankservicer a „Standard“-Bankplacementer wéi och déi méi sophistiquéiert Besoinen of. Se bitt eng ganz breet Offer fir alleguerten d'Investissementsprofiller, vun de konservatiivste bis zu den dynameschsten.

Den Austausch mam Private-Banking-Beroder ass immens wichteg, fir den Investissementshorizont an d'Risken ze definéieren, déi mat den Investissementsberäicher verbonne sinn, fir datt eng Allokatioun festgeluecht ka ginn, déi dem Client sengen Erwaardungen entsprécht.

Wat sinn d'Konditioune fir Zougang ze hunn?

Bei der Banque Privée vu BGL BNP Paribas läit de Seuil d'accès bei engem uvertraute Verméige vun 250.000 Euro, a bei 5 Milliounen Euro fir d'Verméigensverwaltung.

Niewent dëse quantitative Seuile kënnen eis Prestatiounen och am Virfeld vun Transaktiounen oder Evenementer, wéi z. B. der Cessioun vun engem Betrib, a Fro kommen.

Huet déi sanitär Kris nei Gewunnechten an nei Profiller am Private Banking ervirbruecht?

Mam Covid-19 sinn zwee Aspekter verstäerkt ginn:

  • Engersäits, wat d'Investissementer an d'Placementer ubelaangt: Et konnt eng däitlech Progressioun vun de sozial verantwortlechen Investissementer festgestallt ginn. Dës Thematik dierft an den nächste Joren weiderhin am Mëttelpunkt vun den Diskussioune stoen.
  • Anerersäits, wat d'Interaktioun ubelaangt: Déi physesch Relatioun mam Private-Banking-Beroder gouf begleet vun enger méi heefeger Notzung vu Videokonferenzen, Telefonsgespréicher, E-Mailen asw... an dat och mat eise verschiddene Spezialisten.

Eng Bank nëmme fir Insider?

Guer net. Eng vun eise Stäerkten ass, datt mir iwwer eng äusserst vilfälteg Gamm vun Offere verfügen, mat där mir sämtlech Besoinen vun den Investisseuren ofdecke kënnen, vun den einfachste bis zu de komplexsten. De Private-Banking-Beroder versteet et, eng transparent a pedagogesch Approche ze wielen, déi un all Eenzelen adaptéiert ass.


"Eng vun de Stäerkte vun der Banque Privée vu BGL BNP Paribas ass, datt se iwwer eng äusserst vilfälteg Gamm vu Produiten a Servicer verfüügt. Se deckt de ganze Spektrum vun Investisseursprofiller of, vun de konservatiivste bis zu den dynameschsten."

Vincent Villebesseix, Direkter vu BGL BNP Paribas Banque Privée


De Private Banking vu BGL BNP Paribas kënnt fir mech a Fro: wat sinn d'Demarchen?

Fir eisen Dispositif kennenzeléieren, deen dat ganzt Land ofdeckt, riicht Iech einfach un Är noost BGL BNP Paribas-Agence, oder huelt iwwer eis Internet-Säit Kontakt mat engem Uspriechpartner vun der Banque Privée op.

Soubal de Kontakt hiergestallt ass, gi bei engem éischte Rendez-vous d'Besoinen identifizéiert, den Ëmfang vun de Prestatioune virgestallt, déi mir ubidden, an déi laangfristeg Ziler festgeluecht.

Wëllt Dir méi iwwer eis Offer am Beräich Private Banking gewuer ginn? Besicht www.bgl.lu/de/private-banking