De Lët’z Refashion vun der Caritas verkeeft souwuel Designerkleeder aus recycléiertem Stoff, ewéi och Second-Hand Moud, a bitt seguer Bitzatelierën un. D’Zil vun dëser ongewéinlecher Plaz: eis iwwert eng aner Aart vu Moud, déi de Planéit an d’Mënsche respektéiert, z’informéieren an eis konkret nohalteg Alternativen ze proposéieren.

Dese neie Pop-Up, ass mat senger „Récup“-Dekoratioun a sengen grouss-affichéierten Sensibiliséierungsmessagen, um Hamilius net z'iwwersinn: « Textile production contributes more to climate change than all aviation and shipping combined », « 30 % de notre dressing n’est  jamais porté » or « Fast Fashion is not free –someone is paying  for it”… Am Verglach zu den meechten Geschäfter vu een emmer erem incitéiert gëtt fir méi ze kaafen an dem neisten Trend ze entspriechen, ass den Lët’z Refashion also definitiv kee Geschäft ewéi en anert, well et hei an éischter Linn dorëms geet de Visiteure Modeller vun der Moud ze weisen déi méi nohalteg, méi ethesch a méi sënnvoll sinn.

Op dëser ongewéinlecher Plaz entdéckt Dir ënner anerem Designer Kleeder déi aus recycléiertem Stoff produzéiert goufen.

D’„Upcycling“-Stylisten déi dës Kreatiounen hirstellen schaffe mat ale Kleeder an Iwwerreschter vu Stoff. Si engagéiere sech fir eng méi zirkulär Moud, a ginn alem Gezei mat immens vill Kreativitéit en zweet Liewen. Wärenddeems mir zu Lëtzebuerg all Minutt ëmgerechent 95 T-Shirts ewechgeheien, versichen dës Mouddesigner, andeems si eisen "textil Offall" nei verwäerten, den negativen Impakt vun eisem Kleederkonsum ob d’Ëmwelt ze begrenzen.

Niewent Upcyckling-Kleeder fënnt een hei och lokal a präiswäert Second-Hand Gezei. Dëst ass virun allem bei deene Jonken immens beleift a bitt och eng einfach Léisung fir d’Liewensdauer vun eise Kleeder ze verlängeren. Op der Äerd ginn et momentan genuch onbenotzen Kleeder fir sechs Generatiounen anzekleeden; wat brengt et do nach systematesch nei Kleeder ze kafen?

Lokal Verbänn ewéi den SNJ, BIRK, BENU oder Sustained sinn och mat an dësem Pop-up bedeelegt, an deems si upcycling Kleeder an Textilaccessoiren fir den Letz Refashion produzéieren.

Als zousätzlech nohalteger Solutioun, animéiert den Lët'z Refashion esouguer Bitzatelieren wou dir léieren kënnt wéi ee Kleeder retuschéiert, ëmwandelt, oder individuell upasst... alles fir dass all eenzelt Kleendungsstéck méi laang hält! Zwee Mol an der Woch, Donneschdes a Samschdes Owes, gëtt dofir d'Bitzgeschier ausgepak, a wärend zwou Stonnen de Participantën vun dësen Atelieren zur Verfügung gestallt. Déi ideal Geleeënheet also fir de Liblingsrack kreativ ze retuschéieren, oder dem ale Mantel vun der Boma en neie Look ze ginn!

Eng weider Charakteristik vum Lët’z Refashion-Pop-up: de Buttek ass Bestanddeel vun der Campagne Rethink Your Clothes, déi säit 2018 vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun ënnerstëtzt gëtt, an huet soumadder kee kommerziellen Zweck. D'Zil vun dëser Campagne ass et éischter, eis ob d'Problemer vun der Moudindustrie obmierksam ze maachen a Léisungen entgéint eiser „Wegwerf Gesellschaft“ am Beräich vun der Moud ze fannen.

Den Pop-up Buttek sicht momentan no enger permanenter Adress, mä an der Zwëschenzäit, zéckt net : let's go an de Lët'z Refashion, fir déi lokal Akteuren vun enger méi grénger a mënschlecher Moud ze begéinen!

Lët’z Refashion heescht Iech Wëllkomm an der Stad,
dënschdes bis freides vun 12:00 bis 18:00 Auer,
samschdes vun 10:00 bis 16:00 Auer,
op der Place Hamilius.

E-Mail: letzrefashion@gmail.com 
Informatiounen an de Programm vun eisen Atelieren fannt dir op Facebook an Instagram @letzrefashion
 www.rethink.lu/letzrefashion