Ufanks des Joers huet ROBIN eng nei Kollektioun mam Numm « Art de la Nature » erausbruecht, déi ab elo och fir jiddereen an eiser neier Boutique accessibel ass a wou dir méi wéi 150 vun der Natur inspiréiert Faarwen entdecke kënnt.

Entdeckt är nei Boutique ROBIN zu Leideleng, a loosst Iech inspiréieren.

Mat der Aféierung vun der neier Kollektioun, huet ROBIN och eng komplett nei Boutique zu Leideleng opgemat, eng Inspiratiouns-Quell op 450 mnëmme fir är zukünfteg Arrichtung.

ROBIN, créateur de couleur zanter 1927

Zanter 1927 entwéckelt a fabrizéiert ROBIN als gréisste Lëtzebuerger Faarweproduzent, Faarwen a professioneller Qualitéit. Dës Faarwen entspriechen den héijen Ufuerderungen vun den Usträicher, fir un allem wéinst der exzeptioneller Deckkraaft an der laanger Liewensdauer.

Bis elo huet ROBIN sech haaptsächlech un déi Professionell geriicht, mä haut wëllen mir als Lëtzebuerger Societéit dass jiddereen en einfachen Accès op eis Faarwen huet an awer gläichzäiteg och vun enger professioneller Qualitéit profitéieren kann.

Weider Informatiounen