Endlech dierf d’Fréijoer sech ouni Mask weisen an och Ouschteren gëtt mat vill Virfreed erwaart. Huelt Iech Zäit fir déi éischt „cittaslow“ vu Lëtzebuerg an der Vakanz an virun allem och iwwert den Ouschterweekend ze entdecken a bewosst ze genéissen.

Dat mëttelalterlecht Schlass vu Cliärref, zesumme mat der Porkierch an der Benediktinerabtei Saint-Maurice, ass charakteristesch fir d'Stadbild vu Cliärref.  Besonnesch d'Schlass huet d'Bild vun der Gemeng gepräägt, net zulescht duerch bekannte permanente Konschtausstellungen.

Am Schlass fënnt ee net nëmmen d'Gemengverwaltung vu Cliärref, mee och 3 Ausstellungen: de Musée vun de Maquette vun de Lëtzebuerger Schlässer a Buergen, de Musée vun der Ardennenoffensiv an déi weltbekannte Fotoausstellung „The Family of Man" vum Edward Steichen, déi zum UNESCO Weltierwen zielt. "Clervaux - cité de l'image", eng zäitgenëssesch Fotoausstellung ënner fräiem Himmel, stellt d'ganzt Joer iwwer Aarbechten vun zäitgenëssesche Fotografen aus, op de Maueren an an de Blummegäert verdeelt duerch Cliärref. Fir d’Kanner un Thema Fotografie erunzeféieren ass de Passeport Pixie Pixel genau dat Richtegt.

Am Tourist Center op der Maartplaz kritt Dir gratis e klengt Bichelchen an de Sproochen Däitsch, Franséisch an Englesch. Dëst Bichelchen féiert d’Kanner op eng spilleresch Aart a Weis duerch d’Ausstellungen Cité de l’image. Samschdes a Sonndes kënnt Dir zudeem och en Polaroïd Fotoapparat ausléinen (géint eng Kautioun) an esou de Fotograf an Iech entdecken.

Op Ouschtermoundeg ass natierlech nach eppes méi lass zu Cliärref mam „Cliärrwer Ustermaart”. E Cortège mat Päerdskutschen, Musek, flott Verkafsstänn, Kanneranimatioun a Stroossespektakelen suergen fir Liewen op der Maartplaz. Zousätzlech fiert den Ustertour vun den Oldtimertrakteren deen am Kader vum Télévie organiséiert ass, duerch d’Foussgängerzon.

D’Restauranten an d’Hotellen esou wéi déi lokal  Butteker si frou hir Vitrine fir d‘Visiteuren ze rëschten. „Heiheem akafen, heiheem genéissen”, no dësem Moto sinn d‘Geschäfter fir d‘Ouschterakeef fir Iech do.

Donieft kënnt och d’Konscht zur Geltung mat der Wanderausstellung „20 Joer Museumsverein Welchenhausen” déi am Centre Culturel fir d’Visiteuren opgebaut ass an d’Erëffnung vun der Open Air Gallery mat de neie Biller laanscht Promenade de la Clerve vun de Graffiti-Kënschtler Joel Rollinger an KogaOne.

Méi Informatiounen op www.visit-clervaux.lu