An en Hotelszëmmer investéieren, eng Première am Grand-Duché!

D'ass een exklusiivt Konzept um Lëtzebuerger Marché. Mat dësem Hotel Investissement ass et méiglech een oder méi Zëmmeren ze kafen.

ANATURA Hotel, dee mir an de Ufere vum Wämper Séi ausbauen, wäert ee ganz neit touristescht Konzept vum Lamy Grupp am Norde vu Lëtzebuerg sinn.

Dëst exklusiivt Konzept kënnt aus den USA. An de 50er Joren, hu grouss Hotelsketten wéi Hilton / Marriott, de Verkaf vun hiren Zëmmere proposéiert.

De Grupp Lamy huet dëst Konzept an der Belsch an eisem Ressort um Lac de l’Eau d’Heure agefouert.
Genau wéi fir Anatura Lëtzebuerg, baut Lamy den Hotel, verkeeft d’Zëmmeren un d’Investisseuren, a verséchert dem Proprietär vun do un d’Gestioun vum Etablissement, soudass ëmmer ee Profit entsteet.

RTL

Wat ass een Hotel-Investissement, a wat sinn d'Virdeeler?

D’Partikularitéit vun dësem Projet ass, dass d’Hotelszëmmeren als Investissementsproduit verkaf ginn.

Dat ass de sougenannten “Hotel Investissement”. Dës Investissementer hunn net nëmme steierlech Virdeeler. Wichteg ass och éischtens, dass Dir, wéi bei engem Immobiliekaf volle Proprietär sidd. Dat heescht, Dir diversifizéiert Äre Patrimoine. D’Zëmmer gehéiert Iech.

De Grupp Lamy bekëmmert sech em alles an op Ärer Säit benefisséiert Dir vu steierlechen a finanzielle Virdeeler, all Joer kritt Dir och Äre Revenu locatif.

Een Hotelszëmmer ze kafen ass eng eenzegaarteg Occasioun ee sécheren Investissement ze maachen, dee sech lount. De Kapital ass ëmmer garantéiert, ouni sech mussen em de Loyer vum Locataire ze këmmeren. D'Partikularitéit vun dësem Akaf ass, dass Dir d'TVA kënnt ganz recuperéieren a fir ee gënschtegen Präis eng Vakanzendestinatioun genéissen.

Haut hu mir scho 25% verkaf. Et si Leit vun all Alter, Privatleit, déi sech fir esou een Investissement interesséieren, well si d'Méiglechkeet hunn, fir e bezuelbare Präis eng Immobilie ze hunn. Et muss ee bedenken, dass hautdesdaags am Grand-Duché een Appartement oder ee Studio op d'mannst duebel sou deier ass, dobäi ass hei déi virgeschloe Rentabilitéit immens interessant.

D‘Fräizäitimmobilien duerch een Akaf vun engem Hotelszëmmer ass eng formidabel Alternativ zu engem Spuerkont.

RTL

ANATURA Lëtzebuerg, eng Destinatioun matten an der Natur.

ANATURA Hotel, dee mir un den Ufere vum Wämper Séi ausbauen, ass eng 4 Stären Hotelsresidenz mat Confort a Luxus

Mat enger mindest Fläch vun 30m2, hunn déi 89 Zëmmeren a Suitten eng Terrass mat engem wonnerschéine Bléck op de Séi.

Den Hotel besteet aus verschiddenen Zorte vun Zëmmeren. Vum Confort Zëmmer, Studioen a VIP Suitë, bis zu engem Restaurant an enger Bar.

Den Hotel huet eng eenzegaarteg Vue op d'Natur an op de Séi.

D'Gesondheetskris, déi mir duerchgaange sinn, huet den Trend zum Ekotourismus nach verstäerkt. ANATURA ass kloer eng Eko-Destinatioun matten an der Natur.

D'Ouverture ass virgesi fir Summer 2023

D'Ouverture ass virgesinn, fir d'nächst Joer am Summer, fir datt ee vun der Haaptsaison 2023 profitéiere kann.

Wann Dir un dësem Hotelsprojet interesséiert sidd, invitéiere mir Iech eis ze kontaktéieren fir eng Visitt vum Chantier ze maachen. Esou kënnt Dir Iech eise flotte Projet mat eegen Aen ukucken.

Dir fannt eise Projet op eisem Site vum Grupp Lamy : Lamy Property