D'Republik Irland huet 2017 genee 779.184 Päss ausgestallt, ronn ee Fënneftel vun den Ufroe koum eleng aus Groussbritannien an Nordirland.

Am Joer 2017 huet d'Republik Irland eng Rekordzuel vu 779.184 Päss ausgestallt. Am Verglach zu 2016 ass dat eng Hausse vu 6% a souguer eng Erhéijung vu 15% iwwert déi lescht 2 Joer. Ronn ee Fënneftel vun den Ufroe koum aus Groussbritannien an Nordirland.

Och aner europäesch Länner mellen zanter dem Brexit-Vote eng markant Hausse un Ufroen aus Groussbritannien.