An Zukunft sollen op de Carte d'Identitéën an all den 28 EU-Memberlänner den digitale Fangerofdrock an aner biometreschen Donnéeën drop sinn.

Dat proposéiert d'Europäesch Kommissioun. Sou géif et fir Terroristen a Krimineller schwiereg ginn, fir Dokumenter ze fälschen, sou den EU-Innekomissär Dimitris Avramopoulos an engem Interview mat der Zeitung "Die Welt".