Dëst gouf op Initiativ vun CDU/CSU an SPD decidéiert.

Méi kleng däitsch Parteie wéi d'"Freie Wähler", "Piraten" oder "NPD" solle spéitstens vun 2024 un keng Chance méi hunn, fir an d'Europaparlament ze kommen.

Op Initiativ vun CDU,CSU an SPD hunn sech d'EU-Staaten en Donneschdeg zu Bréissel op d'Aféiere vun enger neier "Spär-Klausel" gëeenegt, esou d'Noriichtenagence DPA.