Déi däitsch Freie Demokratische Partei strieft fir d'Europawalen d'nächst Joer eng Zesummenaarbecht mat der Partei vum franséischen President un.

Bei engem Treffen dës Woch zu Paräis wär kloer ginn, dass d'FDP déi däitsch Partei ass, déi En Marche inhaltlech am nooste géif stoen, dat sot den FDP-Chef Christian Lindner der Presse. Béid Parteien wéilten zum Beispill wirtschaftlech Ënnerscheeder méi séier iwwerwannen.