Nach bis den Owend eelef Auer hunn d'Europäer d'Méiglechkeet, bei enger EU-wäiter Ëmfro iwwert d'Zäitëmstellung matzemaachen.

Dann nämlech leeft d'Online-Ëmfro vun der EU-Kommissioun iwwert de Wiessel tëscht der Summer- a Wanterzäit of.

Bis elo ass des Ëmfro op ee ganz groussen Intressi gestouss. De 4. Juli goung se lass a bannent den éischten dräi Deeg war de Questionnaire schonn iwwer 500.000 mol ausgefëllt ginn.

Bis uganks August waren iwwer eng Millioun Äntwerten erakomm. Ënnert anerem ginn d'Leit gefrot, wéi eng Erfarunge si mam Wiessel vun der Wanter- op d'Summerzäit gemaach hunn, an ob se dofir sinn, d'Zäitëmstellung ofzeschafen.

D'EU-Kommissioun iwwerpréift den Ament Fuerderungen, déi ëmstridden Zäitëmstellung ofzeschafen.