Den CSU-Europapolitiker Manfred Weber wëll nächsten EU-Kommissiounspresident an domat Nofolger vum Jean-Claude Juncker ginn.

E puer Deeg gouf ewell doriwwer spekuléiert, elo ass d'Kaz aus dem Sak.

Op Twitter huet den Däitsche geschriwwen, hie wéilt bei den Europawale vum nächste Joer als Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei EVP untrieden. Déi wëll sech Ufank November zu Helsinki op dëse Spëtzekandidat festleeën.

De Manfred Weber, deklaréierte Kandidat fir d'Successioun vum Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident, wéilt am Fall vu senger Wiel dozou mat jidderengem schaffen, d.h. och mam italieneschen Inneminister Matteo Salvini a mam ungaresche Premier Viktor Orban. Dat seet den CSU-Politiker um Freideg an engem Interview mat der italienescher Dageszeitung „La Stampa“. Et misst ee sech un een Dësch setzen, een deem aneren nolauschteren a Kompromësser fannen.