Hien huet net méi wëlles an d'Europaparlament setzen ze goen. Dat sot de fréieren President vum EU Parlament, de Martin Schulz, der Passauer Neuen Presse.

Hie géif deemno d'nächst Joer net fir seng Partei fir d'Europawalen zur Verfügung stoen. Ech sinn Deputéierten am Bundestag a wäert zu Berlin an am däitsche Bundestag bleiwen, esou de Politiker am Interview. Dat géif awer net bedeiten, datt hie sech net an d'Walen géif amëschen.