An Zukunft sollen Internet-Plattforme wéi Google, Youtube oder Facebook fir Verletzunge vun den Droits d'auteur haftbar gemaach ginn.

Donieft sollen an Zukunft grouss Plattformen, wéi Google, YouTube oder Facebook, obligéiert ginn, déi Kuturschafend an d'Medien ze bezuelen, wa si hir Produktiounen zum Uploaden ubidden.

Nom Vott vum EU-Parlament kënnen elo d'Verhandlunge mam Rot vun den EU-Staaten ufänken.

Et ass en Aarmdrécken tëscht den Artisten an der Presse op der enger Säit, an déi grouss Multinationalen am Digitalen an d’Verfechter vun der Fräiheet vum Internet op der anerer Säit. Den amendéierten Text strieft en Equiliber un, tëscht engersäits der Meenungsfräiheet an dem Accès zu Informatiounen an op der anerer Säit eng fair Remuneratioun fir déi, déi Inhalter produzéieren.

Droits d'auteur oder awer Zensur? Vott am EU-Parlament iwwert d'Zukunft vum Internet

Vun e Mëttwoch u geet et nees, iwwerspëtzt gesot, ëm d'Zukunft vum Internet am EU-Parlament zu Stroossbuerg. Den éischte Versuch, fir iwwer dës Propose fir eng Direktiv ofzestëmmen, war schonn am Juli a gouf dunn op September rapportéiert, well d'Resultat net däitlech genuch war. Et ass eng ganz ëmstridde Richtlinn, déi fir vill Opreegung suergt.

AUDIO: Droit d'auteur am EU-Parlament / Reportage Annick Goerens

D'Reform vun der Direktiv iwwer d'Droits d'auteur an der EU ass batter néideg, déi lescht ass vun 2001. Zanterhier huet sech den Internet an d'Consommatioun vu Medie ganz däitlech verännert. Besonnesch ëmstridden an dëser Direktiv, sinn d'Artikelen 3, 11 an 13, wou et ënner anerem, ëm dat sougenannten „Leistungsschutzrecht“ an den „Upload Filter“ geet.

Op der enger Säit sti grouss Entreprisen, déi sougenannte GAFAen,  wéi Google, Apple a Facebook an och Netzaktivisten, déi sech ëm d'Fräiheet am globalen Netz suergen, déi, wéi si fäerten, duerch Upload-Filter verschwanne kéint. Mat deene Filter géing nämlech d'Eropluede vu Contenuen, déi duerch Droits d'auteur geschützt sinn, op grouss Plattformen, wéi YouTube an Facebook, vu vir era verhënnert ginn.

De Problem mam Upload Filter

Dat géing heeschen, dass Facebook, dann dofir zoustänneg ass, fir alles ze filteren, wat eventuell géint een europäescht Gesetz kéint verstoussen, erkläert, de Sam Grüneisen vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg. Dat wär éischtens duerno an der Technik schwiereg ëmzesetzen an zweetens, géing et engem d'Recht huelen, seng fräi Meenung ze äusseren. Et géing een also grousse Entreprisen, wéi Facebook, d'Entscheedung iwwerloossen, wat dierf eropgeluede ginn an wat net.

Et soll bezuelt gi fir Contenuen
Op der anerer Säit stinn Auteuren, Editeuren, Journalisten an all Zort kulturschaffend Leit, déi dacks deier Inhalter produzéieren, déi dann awer vun deene groussen Online-Plattforme milliounefach verbreet ginn, ouni, dass een Cent dofir bezuelt gëtt.

Wat ass den Inhalt haut an der digitaler Welt nach Wäert freet, sech also den Romain Jeblick, Direkter vu Luxorr, der Lëtzebuerger Organisatioun déi droits d'auteure geréiert.

Den Accès op d'Informatioun wär haut sou fräi, wéi nach ni virdrun an der Geschicht vun der Mënschheet. Et wär also net wouer, wann Leit géinge behaapten, dass se duerch d'Aféiere vu Reegelen an deemno Aschränkunge keen Accès méi op Informatiounen hätten, sou de Romain Jeblick.

Wann ech de Proprietär vun engem Contenu sinn, da muss ech d'Méiglechkeet hunn, dat ass den Droit d'auteur , ze soen wat mat mengem Buch geschitt.

Vill Leit an och Technologie-Firme géingen elo enormen Drock maachen a vun Zensur oder op d'mannst vun totaler Kontroll schwätzen, ma dat misst ee relativéieren.

Et misst ebe kontrolléiert ginn, genee wéi ee Radar dat op der Strooss mécht, erkläert den Romain Jeblick. Et wär keen Thema, wann een einfach eppes géing online setzen, wat een däerf online setzen.

Déi grouss Firme géinge fäerten, dass doduerch den Trafic, also d'Frequentatioun, op hire Websäiten erofgeet. An dat wär net wouer. Et géing just kontrolléiert ginn, erkläert de Romain Jeblick.

Een anert Konzept?
De Chaos Computer Club an och vill aner Organisatioune gesinn dat natierlech anescht.

Natierlech soll all Mënsch fir seng Aarbecht bezuelt ginn, erkläert den Sam Grüneisen, mä dës Direktiv wär de falschen Wee. Vläit misst een einfach generell een neit Konzept entwéckelen, wéi zum Beispill eng „Kultur-Flatrate“ wou da jiddereen, dee Kultur erschaaft an dat och beweisen kann, dofir bezuelt gëtt, esou den Porte-Parole vum Chaos Computer Club.

Och d'Meenunge bannent dem EU-Parlament ginn wäit auserneen. Kloer ass awer: wann um Mëttwoch kee Kompromëss fonnt gëtt, dann gëtt d'Reform wahrscheinlech net méi virun den Europawahlen am Mee nächst Joer fäerdeg.

Reaktioun vun der Madamm Delvaux-Stehres

Communiqué de presse

Explication de vote sur la réforme du droit d’auteur dans le marché unique numérique

"Nous avons aujourd’hui voté la très controversée proposition de réforme des droits d’auteurs.
Au sein de la commission des affaires juridiques, nous avons eu de houleux débats sur ce texte pendant des mois. J’ai mûrement réfléchi et écouté les arguments et inquiétudes des différents protagonistes.

J’ai finalement décidé de suivre la position de notre rapporteur S&D, Lidia Geringer de Oedenberg. Sa position m’a semblé être la plus à même de respecter le fragile équilibre entre une rémunération juste des créateurs et la liberté d’information. Nos collègues n’ont pas suivi cette position aujourd’hui et le texte a été adopté dans la version du rapporteur EPP Axel Voss. Afin de ne pas bloquer plus en avant la procédure, je me suis pliée à la majorité pour le vote final.

Concernant l’article 3 sur les fouilles de texte et de données (Text and Data Mining), j’ai soutenu l’exception large qui aurait permis de ne pas entraver le développement des nouvelles technologies et le bon déroulement des recherches scientifiques.

Concernant l’article 11, la Commission propose de créer un droit voisin pour les éditeurs de publications de presse. Si le principe de faire payer les GAFA pour rémunérer les auteurs me parait tout à fait justifié, je pense que l’article créée plus de problèmes qu’il n’en résout. En effet, la solution a été tentée sans résultat en Allemagne et en Espagne. Non seulement cela n’a pas permis une plus juste rémunération des auteurs, mais cela a porté atteinte aux plus petits éditeurs, au pluralisme des médias et à la liberté d’information. C’est pourquoi j’ai soutenu la présomption de droit de licence qui permet aux éditeurs de faire respecter les droits de leurs publications de presse, sans avoir besoin de prouver qu’ils ont été transférés ou concédés sous licence.

Concernant l’article 13, le but de la Commission était de rendre les plateformes internet (l’exemple type étant Youtube) totalement responsables du contenu mis en ligne par les utilisateurs. La mise en œuvre de cet article implique un filtrage du contenu par ces plateformes. D’une part, c’est une obligation que les petites plateformes n’auront pas les moyens de respecter. D’autre part, je me méfie des filtres pouvant porter atteinte à la liberté d’expression.

Je regrette le lobbying ardent qui n’a pas permis de débats apaisés, retranchant fermement chaque partie dans sa position. J’aurais souhaité que tout le monde soit plus à l’écoute des autres et fasse preuve d’un meilleur esprit de compromis."