De Matteo Salvini denkt anscheinend iwwer eng Kandidatur als EU-Kommissiounspresident no.

Frënn aus verschiddenen europäesche Länner hätten den italienesche Vizepremier gefrot, fir ze kandidéieren, seet hien an engem Interview mat der Zeitung “La Repubblica”. Dat wär nach wäit ewech, mä hie géif driwwer nodenken, sou de Chef vun der rietspopulistescher Lega.

D'Europawalen sinn am Mee d'nächst Joer.

Virun engem Mount war jo de Jean Asselborn mam Matteo Salvini unenee geroden, wou de Lëtzebuerger Ausseminister mat sengem „Merde alors“ reagéiert hat.