De Brexit ass um Méindeg am Mëttelpunkt vum Conseil vun den EU-Europaminister zu Bréissel. Lëtzebuerg ass duerch de Jean Asselborn vertrueden.

D'Vertrieder vun deene 27 Memberlänner, ouni Groussbritannien, wëllen um Méindeg de Grondsaz-Accord bewäerten an eng geplangte politesch Deklaratioun, fir déi zukünfteg Relatiounen nom Brexit preparéieren - eng Scheedung no 45 Joer an der EU-Partnerschaft. Déi zwee Dokumenter sollen den nächste Sonndeg um Spezialsommet vun den EU Staats- a Regierungscheffen ugeholl ginn.

D'Austrëttsofkommes soll am Mäerz d'nächst Joer ee gereegelte Brexit erméiglechen.

"Europa steet eng Woch voller Peng an d'Haus", sou huet et e Méindeg de Moien um Bord vum EU-Ausseminister-Conseil zu Bréissel geheescht, wou d'Brexit-Strategie am Mëttelpunkt steet. Um Pabéier, dat d'Erausklamme vun England op den 29. Mäerz d'nächst Joer aus der EU soll regelen, wëllen d'Ministeren dann och net méi weider fréckelen an dëst als Basis fir weider Verhandlungen huelen - dat en vue natierlech vun engem Vott nach dës Woch am Parlament zu London an dem ausseruerdentlechen EU-Sommet de nächste Sonndeg.

Bei sengem Ukommen zu Bréissel huet den Ausseminister Jean Asselborn d'Aarbecht vun der Premierministesch Theresa May gelueft.

AUDIO: De Jean Asselborn

Besuergt gëtt natierlech vu Bréissel op London gekuckt, wou nach e politesche Putsch géint de Brexit-Pabeier vum Theresa May kéint lancéiert ginn - dat a Form vun engem Mësstrauensvott.

D'lescht Woch waren net manner wéi 4 Membere vun der Premierministesch Theresa May hirer Regierung zeréckgetrueden. Donieft goufen et hefteg Protester am britesche Parlament.

Egal wéi dierft sech d'EU net méi op Nobesserungen oder weider substantiell Verhandlungen aloossen - dat hunn déi 27 EU-Ausseminister e Méindeg kloer gemeet. Sécherheets- an Defense-Froen dierften zum Beispill sécher nach zu Diskussiounen tëscht Bréissel a London féieren, grad wéi den Accès vu Fëscher zum Mier tëscht Groussbritannien an den europäesche Küsten.

Och am Lëtzebuerger Parlament ass en Dënschdeg de Moien de Brexit e Sujet bei engem Hearing, dee mat enger Deklaratioun vum Ausseminister Asselborn ufänkt.

Mësstrauensvott fir May?

Déi britesch Premierministesch muss am Sträit ëm de Brexit-Accord mat engem Mësstrauensvott an hirer Fraktioun rechnen, dat op Initiativ vun engem Grupp vu Brexit-Hardliner vun der Theresa May hirer konservativer Partei.

Ob a wéini déi dofir néideg Zuel vun 48 entspriechende Bréiwer vun den Tory-Deputéierten erreecht gëtt, ass nach net gewosst.

Verschiddenen Observateuren no kéint et schonn en Dënschdeg zu engem Vott kommen.

Anerer zweiwelen allerdéngs drun, ob et iwwerhaapt souwäit kënnt.

D'Theresa May hat e Sonndeg virun engem Putsch gewarnt. E Wiessel géif d'Verhandlunge mat Bréissel net méi einfach maachen an och un de Majoritéitsverhältnisser am britesche Parlament näischt änneren.

Déi nächst 7 Deeg wieren decisiv, sou di britesch Premierministesch op der Noriichtechaîne Sky News.

Sou ee Mësstrauensvotte ass der Theresa May awer net hier eenzeg Suerg. Eng ganz Partie Ministeren dreeën indirekt mat hirem Récktrëtt, sollt d'Premierministesch beim Brexit-Accord net noverhandelen.

Eurozon-Reform och um Programm

D'Finanzminister vun der EU gesi sech och um Méindeg zu Bréissel. Si beroden iwwert d'Reform vun der Eurozon. De Chef vum Eurogrupp Mário Centeno huet dës Reunioun aberuff, fir de reguläre Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen Mëtt Dezember ze preparéieren.

D'Sujeten iwwert déi um Méindeg geschwat gëtt, sinn eng besser Protektioun vun der Währungsunioun virun de Repercussioune vu Bankefaillitten an eng Stäerkung vum Euro-Rettungsfong ESM.

D'Fuerderung vum franséische President Emmanuel Macron no engem eegene Budget vun der Eurozon steet net offiziell op der Agenda.

Eng ganz Partie EU-Länner sinn dogéint. Däitschland a Frankräich wëllen awer eng gemeinsam Deklaratioun iwwert d'Architektur vum Budget fir d'Eurozon op den Dësch leeën. Eng Montant gëtt doranner awer net genannt.

EU-Budget: Gëtt nach en Accord fonnt?

D'EU-Staaten an d'Europaparlament huelen iwwerdeems um Méindeg en neien Ulaf, fir en Accord ze fannen, wat den EU-Budget fir dat anert Joer betrëfft.

D'EU-Kommissioun huet e Budget an Héicht vu knapp 165,6 Milliarden Euro proposéiert.

D'EU-Regierungen hunn 1,5 Milliarden Euro manner gefuerdert, d'Parlament ronn 770 Millioune méi.

Béid Säiten hu bis e Méindeg den Owend Hallefnuecht Zäit, fir sech ze eenegen.

Gëtt et keen Duerchbroch, muss d'Kommissioun eng nei Propose maachen. Doduerch geréit awer de Vott iwwert de Budget hannendran.

E Freideg scho waren sech d'EU-Länner an d'Europaparlament net eens ginn. Haaptsträitpunkt soll d'Finanzéierung vu weideren Hëllefen a Milliardenhéicht fir syresch Flüchtlingen an der Tierkei gewiescht sinn.

D'Europaparlament soll deemno méi héich Beiträg vun de Memberlänner gefuerdert hunn, fir den EU-Budget ze entlaaschten.

 

"Europa steet eng Woch voller Peng an d'Haus", sou huet et um Bord de Moien vum EU-Ausseminister-Conseil zu Bréissel geheescht, wou haut natirlech d'Brexit-Strategie am Mëttelpunkt steet -eng Scheedung no 45 Joer an der EU-Partnerschaft.

Um Pabéier, dat Erausklammen vun England op den 29. März d'nächst Joer aus der EU soll regelen, wëllen d'Ministeren dann och net méi weider fréckelen an dëst als Basis fir weider Verhandlungen huelen - dat en vue natierlech vun engem Vote nach dës Woch am Parlament zu London an dem ausseruerdentlechen EU-Sommet de nächste Sonndeg.

Bei sengem Ukommen de Moien zu Bréissel huet den Ausseminister Jean Asselborn d'Aarbecht vun der Premierministesch Theresa May gelueft...

CUT

 

Besuergt gëtt natierlech vu Bréissel op London gekuckt, wou nach e politeschen Putsch géint de Brexit-Pabéier vum Theresa May kéint lancéiert ginn - dat a Form vun engem Mësstrauensvote. Egal wéi dierft sech d'EU net méi op Nobesserungen oder weider substantiell Verhandlungen aloossen - dat hunn d'27 EU-Ausseminister haut kloer gemeet. Sécherheets- an Defense-Froen dierften zB secher nach zu Diskussiounen tëscht Bréissel a London féieren, grad wéi zB den Accès vu Fëscher zum Mier tëscht Groussbrittanien an den europäeschen Küsten.

Och am Lëtzebuerger Parlament ass muer de Moien de Brexit e Sujet bei engem Hearing, dee mat enger Deklaratioun vum Ausseminister Asselborn ufänkt.