Fir den EU-Spezialsommet iwwert de Brexit vun e Sonndeg ze preparéieren, war déi britesch Premierministesch Theresa May um Mëttwoch zu Bréissel.

E puer Deeg virum EU-Spezialsommet iwwert de Brexit huet di britesch Premierministesch Theresa May probéiert, zu Bréissel nach lescht Konzessiounen ze erreechen.

Si koum an dem Kontext mam EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker beieneen.

Wéi et vu London geheescht huet, war dës Renconter Deel vun de permanente Verhandlungen iwwert déi zukünfteg Relatiounen nom Brexit.

En Duerchbroch gouf deemno net deklaréiert.

Schonn e Samschdeg, een Dag virum EU-Spezialsommet, gëtt Theresa May fir weider Gespréicher zu Bréissel erwaart.

D'EU-Staats- a Regierungscheffe kommen dann e Sonndeg mat der britescher Premierministesch beieneen.

Si steet zu London ferm ënner Drock. Während dem Sommet sollen den Austrëttsaccord souwéi eng politesch Deklaratioun iwwert déi zukünfteg Relatioun ugeholl ginn.