Nodeem a Groussbritannien eng Majoritéit fir de Brexit gestëmmt huet, ass de Verbrauch vun Antidepressiva op der Insel eropgaangen.

E wichtegt Evenement huet och Auswierkungen op d'Leit. Dat u sech klengt logesch. Ma eng Etüd, déi am Journal of Epidemiology and Community Health publizéiert gouf, weist och, datt esou Evenementer eng Auswierkung op d'psychesch Gesondheet vun de Leit hunn.

Aktuell hu mer mam Brexit do e gutt Beispill respektiv esouguer fir d'Fuerscher e grousst Experiment. "Vill Leit hu sech den Ausgang net erwaart a sinn de 24. Juni 2016 an enger fir si komplett neier Realitéit erwächt." Grad esou en Datum ze hunn, ass fir d'Fuerscher wichteg, well si domadder de Stand vu virdrun an de Stand dono matenee vergläiche kënnen. Dat mécht d'Analyse fir d'Experte vill méi präzis.

Am Fall vum Brexit huet een eben analyséiert, wéi vill Dosen Antidepressiva virum 24. Juni 2016 (vun 2011 un) an nom 24. Juni 2016 verschriwwe gouf. Nom Brexit ass d'Unzuel vun dësen Dosen an d'Luucht gaangen. Ma och scho virum Votte konnt ee vu Joer zu Joer méi Verschreiwung feststellen.

Fir elo auszeschléissen, datt et einfach en Trend ass, deen net op de Brexit zeréckzeféieren ass, huet een dofir och aner Medikamenter, géint Héich Harnsaier oder einfach Pëllen fir d'Eisen, als Kontrollgrupp analyséiert. Dës sinn zum Beispill virum Brexitreferendum geklommen, wéi dat och bei den Antidepressiva de Fall war, sinn dono awer zum Deel esouguer nees erofgaangen. Aus deem Grond ginn d'Wëssenschaftler dann elo dovunner aus, datt de Brexit e Faktor ass, virwat méi Leit a Groussbritannien Antidepressiva huelen.

Iwwregens gëtt et keen Ënnerscheet, ob an der Regioun eng Majoritéit fir oder géint de Brexit war, d'Hausse ass ëmmer festzestellen.

Et kann een natierlech iwwert d'Resultat vun der Etüd streiden, ma hei handelt et sech reng ëm eng Observatiounsetüd. Donieft kann een d'Hausse vun Antidepressiva och eben op Dokteren zeréckféieren, déi halt méi Medikamenter verschreiwen.

Ma esou einfach ass d'Situatioun awer net, analyséiert de Jakob Simmank vun "Zeit Online". Kuckt een op en anert grousst Evenement aus der jéngster Geschicht, den 11. September 2001, zeréck, esou konnt ee bei den Amerikaner feststellen, datt 17 Prozent vun der Populatioun eng posttraumatesch Belastungsstéierung hunn, déi ee soss dacks just bei Zaldoten, déi aus dem Kampfasaz erëmkommen, konnt feststellen. Weider ass et och kloer, datt Leit, déi Angscht hunn, fir hir Aarbecht ze verléieren, dacks un Depressiounen oder ähnlechem Verhale leiden.