Et war jo geplangt, datt dat britescht "House of Commons" en Dënschdeg iwwer d'Ofkommes mat der EU iwwer den Austrëtt aus der Unioun ofstëmme sollt.

Dee Vott gëtt awer elo verréckelt, dat huet déi britesch Premierministesch Theresa May e Méindeg am Nomëtteg am Parlament annoncéiert. Wéi d'Theresa May en Dënschdeg matgedeelt huet, géif dat britescht House of Commons bis den 21. Januar iwwert den Accord ofstëmmen.

Domadder confirméiert sech eng Rumeur, déi e Méindeg de Mëtteg an de britesche Medien zirkuléiert war. D'Premierministesch May entgeet domadder och enger sécherer Defaite am Parlament. Do gëtt et nämlech kräftege Widderstand géint de Vott. An dat huet d'May och agesinn.

Si géif an enger nächster Etappe weider Verhandlunge mat Bréissel ustriewen, sou d'Theresa May um Méindeg virum britesche Parlament.

D'EU huet der britescher Premierministesch Gespréicher offréiert an huet fir en Donneschdeg ee Brexit-Sommet aberuff.
Um Dënschdeg scho reest d'Theresa May fir Gespréicher iwwert de Brexit-Deal an Holland an an Däitschland. Zu Den Haag gesäit si um Dënschdeg de Moien den hollännesche Premier Mark Rutte. Um 13 Auer gëtt si dann zu Berlin vun der Kanzlerin Angela Merkel empfaangen. Dat huet d'Downing Street 10 e Méindeg den Owend matgedeelt.

Wéini iwwert de Brexit-Accord am britesche Parlament soll ofgestëmmt ginn, steet nach net fest.

De schwieregsten Obstakel am Ofkommes dierft de sougenannte Backstop sinn, d'Garantie dass mam Brexit keng nei Grenzkontrollen tëscht dem briteschen Nordirland an dem EU-Member Irland agefouert solle ginn.

D'Theresa May huet sech e Méindeg optimistesch gewisen, dass am Parlament eng Majoritéit kann zesummekommen, wa si déi néideg Garantien an dëser Fro kritt.

EuGH: Brexit-Exit bleift méiglech

E Méindeg de Moien hat jo schonn den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg entscheet, datt en eesäitegen Exit vum Brexit méiglech wier: Wann also Groussbritannien decidéiere géif, awer an der Unioun wëllen ze bleiwen, da kéint Groussbritannien dat decidéieren, ouni datt déi aner Memberlänner domat missten d'accord sinn.

Vun der EU-Kommissioun hat et um Méindeg de Mëtteg nom EuGH-Uerteel direkt geheescht, datt d'EU mat Groussbritannien keng nei Verhandlunge géif entaméieren, fir de Brexit-Accord ze renegociéieren. D'Positioun vun der EU hätt sech net geännert, huet eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun erkläert.