De Jeroen Dijsselbloem, fréieren hollännesche Finanzminister, war vun 2013 bis Januar dëst Joer de President vum Eurogroup.

Hien huet elo e perséinlecht Buch geschriwwen iwwert d'Euro-Kris: Wat ass falsch gaangen? Wéi gouf d'Kris gestoppt? A wat ass wichteg fir d'Zukunft vun der Eurozon?

D'Nathalie Reuter huet e Méindeg en Interview mat him gemaach, dat bei der Presentatioun vu sengem Buch am Gebai vum EMS um Kierchbierg.