Ronn 100 Deeg virum geplangten EU-Austrëtt vu Groussbritannien gëtt ee sougenannten haarde Brexit, also en Divorce ouni Accord, ëmmer méi wahrscheinlech.

D'britesch Regierung huet en Dënschdeg driwwer beroden, wéi esou een Austrëtt ouni Ofkommes mat der EU kéint oder wäert ausgesinn. Et huet ee schonn emol en Hëllefsfong an Héicht vun zwou Milliarde Pond geschafen, fir den haarde Brexit ofzefiederen.

D'britesch Premierministesch Theresa May hofft weiderhin, den ausgehandelten Accord trotz zolittem Géigewand, och aus den eegene Reien, nach duerch d'Parlament ze kréien. De Vott ass an der 3. Woch Januar.

Ganz geheier ass et der Regierung zu London awer wuel net: De Verdeedegungsminister huet ugekënnegt, dass ee bei engem desordonnéierten EU-Austrëtt 3.500 Zaldote wäert a Bereetschaft setzen, fir dass déi d'Regierung bei allen Eventualitéiten ënnerstëtzen.

D'EU Kommissioun huet um Mëttwoch de Mëtteg zu Bréissel e Noutfallplang fir de Fall vun engem net gereegelten, haarde Brexit presentéiert, also d'Sortie vu Groussbritannien aus der EU ouni Accord. Mat dësem Plang géife virun allem den Handel, den Trafic an d'Finanze protegéiert ginn.

De Kommissiounspresident Juncker hatt dës Pläng d'lescht Woch, nom EU-Sommet annoncéiert, bei deem jo och Näischt erauskoum. De Kommissiounschef Jean-Claude Juncker hat d'lescht Woch en Noutfallplang annoncéiert, nodeems et och um EU-Sommet keng Kloerheet gouf iwwert déi genee Ëmstänn vum briteschen EU-Austrëtt den 29. Mäerz d'nächst Joer.

Wuel hunn d'Europäesch Unioun a Groussbritannien een Accord iwwert ee gereegelte Brexit ausgeschafft, allerdéngs gesäit et ganz dono aus, wéi wann dëst Ofkommes am britesche Parlament keng Majoritéit zesumme kritt.