Déi europäesch Kommissioun wëll u verschidden Hëllefsorganisatiounen, déi a Griicheland hëllefen, 289 Millioune bezuelen, fir d'Migranten z'encadréieren.

Elleng 190 Milliounen Euro ginn un de Programm vum UNHCR, déi de Leit eng Wunnméiglechkeet ginn an hinne Cash zur Verfügung stellen. D'Garde-Côtes kritt 33 Milliounen Euro fir hir Sichaktiounen um Mier ze finanzéieren.