D'Amber Rudd huet an engem Interview schaarf kritiséiert, wéi den EU-Kommissiounspresident sech vis-à-vis vu Fra behëlt.

Déi britesch Aarbechtsministesch Amber Rudd huet dem EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker eng grausam a groteskt Attitüd vis-à-vis vu Frae reprochéiert. Et wier terribel gewiescht, wéi en enger Fra um leschten EU-Sommet duerch d'Hoer gefuer wier.

Wann dat am britesche Parlament geschéie géif, géif d'Amber Rudd hoffen, dass et eng formell Reklamatioun als Konsequenz hätt, esou déi fréier Fraeministesch e Samschdeg an engem Interview mat der Zeitung ''The Telegraph''.

Konkret goung et doran ëm deen "Tëschefall" virun e puer Deeg um EU-Sommet zu Bréissel. De Jean-Claude Juncker hat der Interims-Protokollcheffin kräfteg duerch d'Hoer "gewujelt", fir hir Moien ze soen. De Video dovun hat nawell den Tour gemaach ...