Den EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos hat viru Kuerzem an engem Interview mat der Funke Mediengruppe en Enn vun den ëmstriddene Grenzkontrolle gefuerdert.

De Ministerpresident vu Bayern, Markus Söder vun der CSU, huet d'Fuerderunge vun der EU-Kommissioun zeréck gewisen, mat de Kontrollen un den EU-Bannegrenzen opzehalen.

Europa wier op engem gudde Wee, wat d'Protektioun vun de Baussegrenzen ugeet, awer nach net um Zil ukomm, sou de Söder an engem Interview mat den Zeitunge vun der Funke Mediengruppe. Sou laang d'Baussegrenzen nach net sou protegéiert sinn, wéi et néideg ass, géifen national Grenzkontrolle weiderhi Sënn maachen. Si hätten eng positiv Wierkung a wiere vun der Populatioun acceptéiert.

Den EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos hat viru Kuerzem an engem Interview mat der Funke Mediengruppe en Enn vun den ëmstriddene Grenzkontrolle gefuerdert. E wier der Meenung, dass de Moment fir Mesure komm ass, fir déi ablécklech Kontrollen un de bannenzege Grenzen opzehiewen a Schengen nees komplett a Kraaft trieden ze loossen. Däitschland an eng Partie aner EU-Staate vum Schengenraum haten am Kader vun der Flüchtlingskris nees Kontrollen un de Bannegrenzen agefouert.