Nom Accord mat Japan, wéilt een elo och mat der südamerikanescher Allianz Mercosur eng Eenegung fannen.

An där Handelskommunautéit sëtzen Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay. Sollt een hei een Accord fannen, da wieren d'Douanestaxen, déi ofgebaut géife ginn, 4 Mol esou héich wéi am Fall mat Japan, esou d'EU-Kommissärin fir de Commerce Cecilia Malmström vis-à-vis vun der Noriichtenagence DPA.

2016 scho war d'EU ee vun de gréissten Handelspartner vu Mercosur an ass fir 21,6 Prozent vum Commerce opkomm. Virop hunn déi südamerikanesch Länner landwirtschaftlech Produiten un d'Europäesch Unioun, esou wéi Tubak a Gedrénks exportéiert, déi hunn ee Véierel vum Commerce ausgemaach.

Den éischte Februar d'nächst Joer trëtt den Accord, dee mat Tokio ausgehandelt gouf a Kraaft.