An engem Interview mat der "Welt am Sonntag", huet den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker fir eng europäesch Aarbechtslosen-Assurance plädéiert.

Wann ee Land, ouni dofir ze kënnen, an eng Kris géif rutschen an noutgedronge misst d'Chômageindemnitéite kierzen, sollt dee Mechanismus wierken. Et kéint nämlech net sinn, datt op de falsche Plaze gespuert gëtt, esou de Jean-Claude Juncker.

Allerdéngs missten d'Länner noweise kënnen, datt si Reformen duerchgefouert hunn.

Schonn am Oktober zejoert, hat den däitsche Finanzminister Scholz esou eng Iddi op den Dësch geluecht.