E Mëttwoch muss d'Theresa May sech wéi et schéngt engem Mësstrauensvott am House of Commons stellen. E Brexit ouni Deal gëtt ëmmer méi wahrscheinlech.

D'Suerg virun engem haarde Brexit gëtt ëmmer méi grouss, nodeems dat britescht Parlament en Dënschdeg den Owend de Brexit-Accord däitlech refuséiert huet. Deputéiert hu mat 432 zu 202 Stëmmen géint den Austrëttsaccord gestëmmt. D'Premierministesch Theresa May huet domat eng historesch Defaite mussen astiechen.

AUDIO: D'britescht Parlament stëmmt massiv géint de Brexit-Accord

"D'Parlament huet geschwat an d'Regierung wäert nolauschteren", sot si direkt nom Votte. Et wier kloer, dass d'Parlament dësen Accord net ënnerstëtzt, de Votte géif awer näischt driwwer aussoen, wat d'House of Commons dann ënnerstëtzt, huet déi britesch Premierministesch kritiséiert.

D'EU warnt virdrun, dass d'Gefor vun engem Austrëtt ouni Ofkommes elo weider geklommen ass. Och der Theresa May hir politesch Zukunft ass ongewëss. Ee Récktrëtt refuséiert di britesch Premierministesch weiderhin, wéi hire Büro en Dënschdeg den Owend bekannt ginn huet.

Den Oppositiounschef vun der Labour-Partei Jeremy Corbyn huet nach en Dënschdeg den Owend ee Mësstrauensvotte géint Theresa May ugefrot, iwwert deen dat britescht Parlament um Mëttwoch debattéiert. Mam Vott gëtt no 20 Auer e Mëttwoch den Owend gerechent. Déi britesch Premierministesch huet awer gutt Chancen dëse Mësstrauensvotte ze iwwerstoen. Déi nordiresch Partei DUP, déi géint den Accord gestëmmt huet, wëll awer fir d'Theresa May stëmmen. Och parteiintern Kritiker wëlle beim Mësstrauensvotte d'Regierungscheffin ënnerstëtzen.

Sollt si de Mësstrauensvotte iwwerstoen, kéint Theresa May probéieren weider Konzessioune vun der EU ze kréien an d'Parlament nach eemol driwwer ofstëmmen ze loossen. Si huet annoncéiert mat den Deputéierte vun all de Parteien ze schwätzen an e Méindeg een neie Plang ze presentéieren. Sollt den Deal, trotz all Efforten de Votte am Parlament net packen, dreet ee chaoteschen Austrëtt ouni Accord.

Schonn e Mëttwoch de Moien kënnt d'Europaparlament zu Stroossbuerg beieneen an zu Bréissel analyséieren den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker an den EU Conseilspresident Donald Tusk d'Suitte vum Vott. An enger éischter Reaktioun sot de Jean-Claude Juncker en Dënschdeg den Owend, dass d'Gefor vun engem net gereegelte Brexit ouni Accord duerch Decisioun vum House of Commons elo méi grouss ginn ass.

Déi iresch Regierung huet an tëscht annoncéiert, hir Preparativen op sou een EU-Austrëtt ze intensivéieren. Am Fall vun engem haarde Brexit ass de Risk grouss, dass et tëscht dem EU-Memberland Irland an der britescher Provënz Nordirland nees zu Grenzkontrolle kënnt.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel bedauert d'Resultat vum Vott a seet et misst een elo séier e Plang op d'Been stellen, wéi et soll weidergoen.

Jean Asselborn am Live-Interview op RTL Radio Lëtzebuerg

Et geet an d'Richtung vun engem haarde Brexit". Dat sot e Mëttwoch de Moien den Ausseminister Jean Asselborn live bei eis am Moiesjournal. Et hätt een en Dënschdeg aus London zwou Gewëssheete kritt. Engersäits, dass dat britescht Parlament mat ekrasanter Majoritéit, den Deal, deen iwwer dausende vu Stonnen ausgehandelt gouf zwar net wéilt, ma op der anerer Säit wéilten d'Britten och keen No-Deal. Den Ausgang vum Vott géif déi Zerrassenheet am Parlament erëmspigelen, déi di logesch Konsequenz wier vun där schwaarz-wäisser Fro, déi d'Briten den 23. Juni 2016 gestallt kruten.

Wat de Mësstrauensvotte ugeet, deem sech d'Theresa May e Mëttwoch den Owend muss stellen, geet dësen no Aussoe vum Jean Asselborn positiv fir di britesch Premierministesch aus. D'Regierung wäert den Owend nach stoen, sou den Ausseminister, awer och d'Inconnu wéi et soll weider goen, och déi géif bestoe bleiwen. Op d'Fro, ob Groussbritannien eng Rallonge kann ufroen, wat de Stéchdatum fir de Brexit vum 29. Mäerz betrëfft, ass dat dem Jean Asselborn no méiglech. Allerdéngs misst fir d'éischt dat britescht Parlament doriwwer ofstëmmen an d'Regierung misst eng zolidd Indikatioun hunn, wou et soll higoen. Op EU-Säit bräicht een dee Moment natierlech Unanimitéit.

De Lëtzebuerger Ausseminister schléisst net aus, dass dat britescht Parlament kéint selwer eng Positioun fixéieren, wat ënnert anerem d'Nordirland-Fro betrëfft. Et wier scho bal onerhéiert, sou de Jean Asselborn, dass d'House of Commons weder en Deal, nach een No-Deal wëll, mä awer och selwer net weess, wat ee wëll.

Et war den Appell vum Lëtzebuerger Diplomatiechef un dat britescht Parlament sech bewosst ze sinn, wat d'Konsequenze si fir een No-Deal fir Groussbritannien. Awer och d'EU misst engem haarde Brexit an d'Ae kucken. Virun allem a Saachen Transport, Medikamenter a Finanzfroen misst d'Europäesch Unioun sech Gedanke maachen wéi et viru geet. Awer och Lëtzebuerg wier gefuerdert. Iwwer 4.000 britesch Staatsbierger liewen hei am Land. Vill vun hinne schaffen am Enseignement. Et géifen awer och vill Lëtzebuerger a Groussbritannien liewen, gëtt de Jean Asselborn ze bedenken. Et misst alles gemaach ginn, dass fir des Leit nëmmen ee Minimum u Schued entsteet. Dorunner misst geschafft ginn.
An dem Sënn ass den Ausseminister elo e Mëttwoch de Moien an der aussepolitescher Chamberkommissioun an e Freideg beschäftegt sech de Regierungsrot mat all dëse Froen, fir éischt Gesetzer déi néideg sinn op d'Schinn ze bréngen.

AUDIO: De kompletten Interview mam Ausseminister Jean Asselborn

International Press iwwer de Brexit

Nom Nee vum britesche Parlament zum Brexit-Deal reagéiert d'international Press e Mëttwoch mat Onverständnes, Veronsécherung, Ongedold an och enger ganzer Partie Léisungsvirschléi. D'Claudia Kollwelter mat engem Iwwerbléck:

AUDIO: Presserevue Brexit / De Resumé vum Claudia Kollwelter

Der britescher "Times" no ass Groussbritannien mat enger Kris konfrontéiert an et wier nach net kloer, ob d'Premierministesch en Deel vum Problem oder vun der Léisung wier. Si hätt schlecht Kaarte gehat, dës allerdéngs och fuerchtbar schlecht gespillt.

Dem "Guardian" no kéint eng feelend Féierung a Groussbritannien zu engem Gefill vu Panik féieren - an déi Panik géing vun der Regierung nach verstäerkt ginn, vue datt dës Liewensmëttel an Medikamentereserve stockéiert, wéi wa se sech op e Krich géing preparéieren.

Den "Independent" gesäit nom kloren Nee just nach een Auswee, nämlech e weidere Referendum. De Wieler soll der britescher Zeitung no, elo wou en all d'Risiken a Virdeeler vun all den Optioune kënnt, d'Geleeënheet kréien, nach emol ofzestëmmen.

Och der "New York Times" no ass en zweete Referendum déi beschte Léisung. D'US-Zeitung erënnert drun, datt aner Länner, wéi Dänemark an Irland zweemol iwwer europäesch Traitéen ofgestëmmt, an domat dat initiaalt Resultat inverséiert hunn.

Der "Frankfurter Allgemeine Zeitung" no wier d'Néierlag virauszegesinn, allerdéngs net an där Form. Gutt zwee an en halleft Joer nom Referendum géif sech d'Land, d'Regierung an d'Parlament op engem politesche Parcours befannen, fir deen et keng Weebeschreiwung géif ginn. Nach wier näischt decidéiert, mä de politesche System géing ënner groussen Tensioune stoen.

D'Zürecher "NZZ" schreift dann, datt d'Regierungscheffe fréier, wa se eng wichteg Ofstëmmung verluer hunn, zréckgetruede sinn. D'Theresa May wäert allerdéngs net fräiwëlleg goen an dat, der Schwäizer Zeitung no, aus 2 Grënn: éischtens wëll d'Kris sech och mat Neiwale kaum berouege wäert an zweetens wëll d'Parlament 2011 eng Gesetzesännerung agefouert hat, déi fix Legislaturperiode vu 5 Joer virgesäit. Dat kéint der NZZ no zu enger Verfassungskris féieren.

Weider Reaktiounen nom Vott

Brexit am EU-Parlament
D'Ofstëmmung vun en Dënschdeg den Owend am britesche Parlament huet fir vill Opreegung gesuergt.

Tilly Metz vun déi Gréng am EU-Parlament:

Am heutigen Dienstag hat das britische Unterhaus mit sehr großer Mehrheit gegen das ausgehandelte Abkommen über den Austritt Großbritanniens aus der EU gestimmt. Die grüne Europaabgeordnete Tilly Metz kommentiert die massive Niederlage der britischen Regierung:

“Die regierenden Tories sind nicht in der Lage, über eine gemeinsame Vorgehensweise und Position beim Brexit zu entscheiden. Dies verdeutlicht wohin der blinde Isolationismus der neuen Rechten führt: zu politischem Stillstand, statt gesellschaftlichem Fortschritt. Die Hängepartie in Westminster schadet allen voran den Bürgerinnen und Bürgern, ein No-Deal-Brexit wäre für alle fatal. Angesichts der politischen Blockade müssen die Wählerinnen und Wähler das letzte Wort bekommen. Give the choice back to the people! Gemeinsam mit über 100 Europaabgeordneten aus allen Mitgliedstaaten habe ich deshalb einen Appell an unsere britischen Freunde adressiert, um die Brexit-Entscheidung zu überdenken und gemeinsam an einer besseren Union zu arbeiten. Ich war und bleibe der festen Überzeugung, dass es beim Brexit nur Verlierer geben wird.“

Reaktioun vum Charel Goerens:

Personne ne sort vainqueur du vote sur l’accord concernant le retrait du Royaume-Uni de l’Union européenne.

Les perdants sont le Gouvernement de sa Majesté, désavoué par son Parlement, le peuple britannique, exposé dans l’immédiat à de graves problèmes économiques et sociaux dûs à un retrait désordonné, l’Union européenne privée désormais d’un partenaire de négociation prévisible et fiable et finalement les jeunes Britanniques, victimes des magouilles politiques prêtes à subordonner les perspectives d’avenir des générations montantes à des considérations politiciennes de leurs ainés.

Il faut espérer que le vote sur le retrait du Royaume-Uni ne sera pas le dernier mot en l’occurrence. Les conséquences remettraient sérieusement en question l’autorité du Royaume-Uni en matière de négociations internationales.

Den EU-Chefnegociateur Michel Barnier:

De Risk vun engem chaotesche Brexit – engem No-Deal – war nach ni sou grouss wéi elo, sot de Moien de Michel Barnier, den EU-Chefnegociateur am Europaparlament zu Stroossbuerg. Soulaang ee keen Auswee fir déi britesch Sakgaass fonnt hätt, kéint een net weidermaachen, sou de Barnier. Näischt kéint een den Ament ausschléissen, dofir misst ee preparéiert sinn op en No-Deal, och wann een dee wéilt verhënneren. D'EU misst d'Preparative fir een net gereegelte Brexit acceleréieren. Den EU-Chefverhandler huet de Vott bedauert, mä bleift derbäi, datt den Accord de beschtméigleche Kompromëss war.

AUDIO: Extrait Michel Barnier

Et géif een elo wëssen, wat d'Britten net wëllen, mä wat se wëllen, do hätt ee nach keng Ahnung. D'EU-Parlamentarier fuerdere vu London eng kloer Positioun. Nei Verhandlungen tëscht der EU an der britescher Regierung hu Vetrieder aus de verschiddene Fraktioune refuséiert. Eng Rëtsch Parlamentarier hunn en neie Referendum iwwert den EU-Austrëtt gefuerdert. D'Brexit-Hardliner, wéi zum Beispill den Nigel Farage vun der europafeindlecher Ukip ginn der EU par konter déi ganz Schold. D'Britte sollten einfach d'EU no hiren eegene Reegele verloossen.

Keen zeréck, seet och de Frans Timmermans:

"Mir kënnen net zréckgoen an den Ufank änneren", huet den EU-Vizepresident Frans Timmermans e Mëttwoch de Moien zu Stroossbuerg gemengt. Mä wéi et op en Enn geet, kéint een nach änneren.

Virum Vott

Vill vun de méi skepteschen Deputéierten hunn den Dag iwwer an hire Rieden op de Backstop higewisen, deen hinnen een Dar am An ass.

"Ech gleewen, datt mir d’Flicht hunn, no der demokratescher Decisioun déi dat britescht Vollek geholl huet, ofzeliwweren. An de  Wee ze goen, fir eis d’Land nees ze zesummen ze bréngen", dat sot déi britesch Premierministesch Theresa May wärend hirer Ofschlossdeklaratioun virum Vott iwwert de Brexit-Deal. Eng Stëmm géint den Deal wier eng Stëmm fir Onsécherheet an ee reelle Risiko fir een No Deal.

© Tolga AKMEN / AFP

Am House of Commons wieren déi lescht Deeg a Wochen historesch Gespréicher a Rieden gehale ginn. Et hätt ee Kontributioune vun alle Borden héieren. D’Theresa May huet awer d’Deputéiert drun erënnert, datt eng grouss Majoritéit virun e puer Joer averstane war, d’Britte beim Referendum ofstëmmen ze loossen.

Fir een zweete Referendum ze plädéieren, géif zu enger weiderer Spléckung féieren, esou d’Premierministesch, déi och op weider Alternativen agaangen ass.

Ier et zum sougenannte “meaningful” Vott komm ass, sollten och nach 4 Amendementer zum Vott gestallt ginn, zum Schluss gouf just iwwert een Amendement ofgestëmmt, dee vum Deputéierten John Baron.  Deen Text hat virgesinn, datt Groussbritannien sollt d’Recht kréien, fir de Backstopp unilateral opzekënnegen. Déi Demande gouf awer mat 600 zu 24 Nee Stëmme refuséiert.

D'Zukunft vum Brexit ass elo komplett onkloer, ma e Brexit ouni Deal gëtt elo ëmmer méi wahrscheinlech. Obwuel e "JO" fir den Deal als onwahrscheinlech gegëllt huet, stellt dëst däitlecht Resultat natierlech eng Katastroph fir déi britesch Regierung duer.

En 2. Vott ka praktesch ausgeschloss ginn.

Interview mat der Politologin Anna-Lena Högenauer, dat en Dënschdeg virum Vott

Fir den Accord duerch d’Parlament gedrätscht ze kréien, ass d’Theresa May och op d’Stëmme vun der nordirescher DUP ugewisen, mat där d’Konservativ eng Minoritéitsregierung forméiert hunn. D’Politologin Anna-Lena Högenauer vun der UNI Lëtzebuerg, erkläert, dass d'DUP géint de Brexit-Deal ass, well se net wëll, dass Nordirland an der Zollunioun bleift an de Recht vu Groussbritannien net. Sollt d'DUP elo iwwergaange ginn, da kéint dat e Problem fir d'Theresa May ginn.

AUDIO: D'Anna-Lena Högenauer

Op d'mannst 320 Stëmme brauch d’Theresa May am Parlament, aus den eegene Reien hunn awer schonn iwwer 100 annoncéiert, den Deal net matzedroen.

Eppes wat an de leschte Méint ëmmer nees an de Raum gehäit gouf, war d’Iddi vun engem zweete Referendum? Wéi gutt stinn d’Chance da fir esou een? Am wahrscheinlechste wier sou en 2. Referendum, wann et elo zur Néierlag kéim, d'Labour-Partei de Mësstrauensvott stellt, deen awer refuséiert gëtt, sou d'Anna-Lena Högenauer.

AUDIO: D'Anna-Lena Högenauer

En Dënschdeg den Owend dierft d’Entscheedung am britesche Parlament stoen: No vill Tam-Tam. Wéi et duerno weider geet, ass reng Spekulatioun.

AUDIO: Interview mam Anna-Lena Högenauer iwwert de Brexit

Gebuert verréckelt, just wéinst dem Vott

Eng Deputéiert vun der Labour-Partei, Tulip Siddiq, wollt um Dënschdeg den Owend onbedéngt beim Vott dobäi sinn, obwuel si deen Dag hiert d'Kand sollt iwwert de Wee vun enger Cesarienne op d'Welt bréngen. Wéi britesch Medie mellen, hätten Dokteren hiren Accord ginn, déi geplangte Gebuert op en Donneschdeg ze verréckelen.