Déi italienesch Regierungspartei Lega wëll no den Europawalen am Mee eng Allianz mat der polnescher Regierungspartei PiS agoen.

AUDIO: EU-Allianzen: De Reportage vum Bill Wirtz

Falls dës zwou Kräften nach aner Parteie mat an eng Kooperatioun eranhuele, kéint esou ee konservative Grupp d’Europaparlament fundamental changéieren.

Eng nei Achs: Esou nennt den italieneschen Inneminister Matteo Salvini d’Allianz tëscht der Lega an der polnescher PiS. Eng italienesch-polnesch Achs, déi géint eng franséisch-däitsch Achs, déi d’Europäesch Unioun kontrolléiert, soll virgoen. D’Zil ass net, fir d’EU ze verloossen, mä fir d’Politik zu Bréissel vu Grond op ze changéieren.

De Vincent Delhomme, Politikanalyst fir de franséischen Think Tank “Generation Libre” erkläert, firwat den Exit keng Optioun ass fir dës Parteien. De Brexit géing weisen, dass aus der EU eraustrieden eng schwiereg Operatioun wier. Et géing een dowéinst an Zukunft wahrscheinlech manner Austrëttsparteie gesinn, mä dofir méi Parteien, déi d’EU vu banne changéiere wëllen.

Déi zwou Parteie wäerten dofir versichen, fir d’EU no engem konservativ-kathouleschen Weltbild ze gestalten. Allerdéngs géifen de Matteo Salvini an de Jarosław Kaczyński séier op Widderspréch stoussen. Bei Sujeten, wéi Immigratioun, oder och bei hirer Proximitéit zu Russland, wieren déi Zwee sech net eens.

Et wier och onwahrscheinlech, dass d’Marine Le Pen an hire Rassemblement national esou enger Allianz géinge bäitrieden.

De Vincent Delhomme seet, dass et ee Feeler wier, ze soen, dass een entweder fir d’Reforme vum Emmanuel Macron wier oder eben géint d’Europäesch Unioun. Aus der Siicht vun engem, dee fir d’Europäesch Unioun ass, wier dat nämlech just Ueleg an d’Feier gegoss.

Ob sech d’Allianz tëscht der Lega an der polnescher PiS schlussendlech konkretiséiere wäert, ass nach net gewosst.