Wéi et schéngt, gëtt et eng iwwerparteilech Initiativ, fir den Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun no hannen ze verréckelen.

E Sonndeg heescht et a britesche Medien, datt eng Rëtsch britesch Deputéiert de Prozess vum Brexit elo selwer an d'Hand huele wëllen. E puer Deputéiert géifen iwwer d'Parteien ewech dru schaffen, fir d'Decisioun iwwert den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU no hannen ze verréckelen.

D'Premierministesch Theresa May wëll dem britesche Parlament jo e Méindeg hire Plang B presentéieren.

Britesch Medie schreiwen, d'Labour-Deputéiert Yvette Cooper an de Konservativen Nick Boles géifen d'Fiedem hannert der Initiativ zéien. Hire Plang wär deen, fir Ännerungen unzefroen, fir weider Negociatioune mat der Europäescher Unioun ze féieren, am Fall wou dat britescht Parlament der Theresa May hir Propos den 29. Januar géif refuséieren.

Domat wëllen d'Deputéiert en ongereegelte Brexit verhënneren.