De Brexit war eent vun de Sujeten op der Pressekonferenz e Méindeg vun den CSV-Europadeputéiert.

D'CSV-Europadeputéiert hunn de Bilan vun hirer Aarbecht am Europaparlament gezunn, hunn an sech awer natierlech virun allem och Gedanke gemaach, wat d'Zukunft vun der Unioun ugeet, dat iwwert de méigleche Briten-Austrëtt eraus.

Et ass net einfach sech op en Dossier wéi dee vun den Aarbechts-Zäite fir Camionschauffer ze konzentréieren, wann een op der anerer Säit net weess, wei d'EU Parlament a 6 Méint ausgesäit.

Theoretesch sinn Enn Mee Europawahlen, wou u sech 26 vun den 73 Britesche Sëtz schonn un aner Staaten verdeelt sinn. Theoretesch soll Groussbritannien virdrun d'EU verloossen. Ma wat geschitt, wann net? Ma de Brexit ass awer net déi eenzeg Plaz wou de Schong dréckt.