Och nodeems elo dat britescht Parlament seet wat et wëll, ännert sech un der Brexit-Situatioun selwer net wierklech eppes.

D'Fronten tëscht London a Bréissel bleiwe verhäert. Groussbritannien, Regierung an och elo d'Parlament, wëllen no verhandelen, dat awer wëll d'Europäesch Unioun net.

''She did it ! ... Now it's up to EU.'' Een Titel ënner anerem, aus der Britescher Presse, en Donneschdeg de Moien. Mam Message: elo huet d'EU nees de Schwaarze Péiter!

Et ass der Premier Ministesch Theresa May effektiv gelongen, fir eng knapp Majoritéit hannert sech ze kréien, fir den Nee zu engem haarde Brexit. Mat virop awer dem Optrag: nees een neit Kapitel an de Verhandlunge mat der EU opzeschloen.

De briteschen Ausseminister Jeremy Hunt hält et net fir ausgeschloss, datt de Brexit no hanne verluecht gëtt, dat sot hien en Donneschdeg de Moien op BBC-Radio. Et bräicht ee wuel nach Zäit, fir wichteg Gesetzer ze maachen, sécher wier dat awer net, den Datum vum 29. Mäerz kéint also nach agehale ginn. D'EU refuséiert et jo fir beim Deal nozeverhandelen.