Duerch dësen Accord entsteet eng enorm Fräihandelszone tëscht der EU a Japan, di ronn een Drëttel vun der weltwäiter Wirtschaftsleeschtung ausmécht.

D'Europaparlament hat d'Ofkommes vum Economic Partnership Agreement Mëtte Dezember definitiv ugeholl.

Quasi alleguerten d'Taxen op Produite vun deenen zwou Ekonomien falen duerch den Accord ewech. Der EU Kommissioun no kéinten d'EU-Exportateuren doduerch all Joer ronn 1 Milliard Euro spueren. Bréissel geet dovun aus, dass d'Exporter drastesch an d'Luucht ginn.