D'lescht Joer si sech 42 Entreprisë vu Groussbritannien eriwwer an Holland installéiere gaangen.

D'Firme wollte mat dësem Schratt der Onsécherheet, déi duerch de Brexit provozéiert gouf, entgoen.

Domadder hätten eng 291 Milliounen Euro un Investissementer d'Insel fir Holland verlooss. Eng 1.900 Aarbechtsplaze wieren doduercher och verluer gaangen.

Nach 250 weider Entreprisë wieren an der Pipeline, fir dëse Schratt ze goen.

Den 29. Mäerz soll Groussbritannien jo d'EU verloossen.