Déi britesch Premierministesch Theresa May wëll britesche Medien no vum Parlament zu Westminister nach emol méi Zäit accordéiert kréien.

Dat fir de Brexit Deal mat der EU ze renegociéieren. Dat schreiwen e Sonndeg ënnert anerem d'BBC an den "Telegraph" a beruffe sech op Regierungskreesser. Deemno wéilt d'Theresa May den nächste Mëttwoch eng Deklaratioun am Parlament halen an hei d'Deputéiert iwwert den aktuelle Stand vun de Verhandlungen informéieren. En Donneschdeg soll dann doriwwer ofgestëmmt ginn, wéi et soll weidergoen. An den Ae vun der Oppositioun wéilt déi britesch Premierministesch mat hirem Virgoen d'Deputéiert virun d'Wiel tëscht hirem Deal oder engem No-Deal setzen. Sollt d'Parlament en Donneschdeg der May weider Zäit fir Verhandlunge ginn, da wier et déi zweete Verlängerung, zanter d'Parlament de Brexit-Deal esou wéi en elo steet, refuséiert hat.

E Méinde wëll den zoustännege Brexit-Minister Stephen Barclay op Bréissel reesen, fir hei d'EU fir nei Negociatiounen ze iwwerzeegen. D'EU-Politiker hu bis elo all Modifikatioun vum Deal awer kategoresch refuséiert.